Carte Blanche vum Gilles HempelOffer oder Demande?

Firwat ee sech an der Diskussioun iwwert d’Wunnengsproblematik net nëmme mat der Offer, mee och mat der Demande auserneesetze muss, dat erkläert eis haut de Gilles Hempel a senger „Carte Blanche“.

Den 1. Februar huet dat britescht Parlament mat grousser Majoritéit säin OK fir de Brexit ginn. Déi britesch EU-Géigner sinn un hirem Zil ukomm a kënne sech feiere loossen.

Carte Blanche: Gilles Hempel (15. Februar)


Ma och hei zu Lëtzebuerg, sou héiert een, ass wéinst dem Brexit schonn déi eng oder aner Fläsch Cremant opgemaach ginn. Vill Firme mat Sëtz zu London hate jo ugekënnegt, am Fall vum Brexit d’Insel ze verloossen, fir sech um Kontinent eng nei Heemecht ze sichen. Säit deem buhlen d’Wirtschaftspolitiker ëm d’Gonscht vun deene Firmen a probéiere si, an hir Wirtschaftszentren ze lackelen. Un éischter Front: Dublin, Frankfurt an och Lëtzebuerg.

„Let‘s make it happen“ sote sech eise Finanzminister an eise Wirtschaftsminister a sinn op London gepilgert, fir do Reklamm fir eist Ländchen ze maachen. Dat an der Hoffnung, dass och e puer vun deene Betriber bei eis op Lëtzebuerg kommen ... fir hei Steieren ze bezuelen an Aarbechtsplazen ze schafen. A priori eng gutt Initiativ.

Mee hu mir dann iwwerhaapt déi richteg Leit hei zu Lëtzebuerg, fir an deene Beräicher ze schaffen? Oder mussen déi Betriber net awer hiert Personal matbréngen, wa si op Lëtzebuerg kommen. Virun 2 Wochen ass eng nei Regelung decidéiert ginn, déi virgesäit, dass héich qualifizéiert Aarbechtskräften a räich Investisseuren aus Drëttstaate sech elo ganz einfach hei bei eis kënnen nidderloossen. Honi soit qui mal y pense.

Ech froe mech, wouhin dann elo all déi Kaderen, Investmentbanker an IT-Spezialiste wunne ginn, wa si op Lëtzebuerg schaffe kommen. Héich Loyere sinn si jo scho gewinnt. Zu London sinn d'Wunnengspräisser nach e bësse méi dekadent wéi bei eis. Mee sou Leit kréien nieft hiren héije Salairen, meeschtens nach eppes vum Patron bei de Loyer bäigeluecht. Wahrscheinlech e gudde
Batz méi wéi eng elengerzéiend Mamm als „Subvention de Loyer“ bei hire Mindestloun bäigeluecht kritt.

Zu Lëtzebuerg wunnen, ass fir den normale Bierger elo schonn net méi ze bezuelen. Musse mer da wierklech nach selwer aktiv zousätzlech Leit mat décke Porte-Monnien op Lëtzebuerg lackelen, déi dann d‘Wunnengspräisser nach weider an d’Luucht dreiwen?
Déi Präisser ergi sech jo bekanntlech aus engem Zesummespill vun Offer an Demande. Trotz ganz remarkabelen Efforten an deene leschte Joren, komme mir bei der Offer just ganz lues virun.

Mir mussen dowéinst ufänken eis och mol Gedanken doriwwer ze maachen, wéi mir d’Nofro besser reguléiert kréien.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.