Carte Blanche vum Alain WagnerMontesquieu vs Trump

Iwwer dräi Méint no den amerikanesche Presidentschaftswahlen huet een ëmmer nach den Androck, am falsche Film ze sëtzen. De Phänomen Trump huet gewisen, datt demokratesch Wäerter och an eiser Zäit méi fragil sinn, wéi ee mengt. Fir déi europäesch Politiker ergëtt sech doraus eng besonnesch Verantwortung. Dozou eng Carte blanche vum Alain Wagner.

Eng Beroderin, déi Ligen als alternativ Fakte bezeechent. E sougenannte Chefstrateg, dee vum Krich faszinéiert ass. Eng Bildungsministesch, déi d’ëffentlech Schoul am léifste géing ofschafen. Déi nei Equipe am Wäissen Haus vermëttelt engem zum Deel den Androck vun enger politescher Geeschterbunn. An nach ëmmer stellt sech d’Fro, wéi esou Geeschter vum Wieler geruff konnte ginn.

D’Resultat mat e puer Hackerattacken ze erklären, ass ganz sécher ze kuerz gegraff. Wesentlech méi gravéierend ass d’Tatsaach, datt e Land, dat aneren esou gäre Lektiounen a Saachen Demokratie erdeelt, sech de Luxus vun engem total archaesche Wahlsystem leescht.

A praktesch alle Bundesstaate gëllt de Prinzip « The winner takes it all », duerch deen och déi knappste Victoire wéi en eestëmmege Plebiszit verrechent gëtt.  D’Gesamtresultat kann doduerch entscheedend verfälscht ginn. Den Donald Trump hat bal dräi Millioune Stëmme manner wéi seng Géignerin a krut trotzdem däitlech méi Wahlmänner zougesprach. Deeselwechte Szenario gouf et schonn 2000 bei der Wahl vum George W. Bush. D’Konsequenze si bekannt : dräi Joer duerno koum et zum Irak-Krich, deem seng desaströs Folge mir haut nach spieren.

Iwwer all prozedural Froen eraus weist de Phänomen Trump, wéi geféierlech en Ausufere vu sozialen Ongläichheete ka ginn. E Wieler, deen näischt méi ze verléieren huet,  empfënnt iergendwann just nach d’Bedürfnis, dat ze maachen, wat d’Fransousen « renverser la table » nennen. Tragesch ass, datt vun dëser Roserei grad en Opportunist profitéiert huet, deen alles anescht wéi d’Negatioun vum Establishment ass, mä d’Abuse vum Finanzkapitalismus op eng scho bal karikatural Manéier verkierpert. Och aner Stréimungen huet den Trump fir seng Zwecker kanaliséiert – virun allem en typesch amerikaneschen, mat vill Bigotterie duerchsatene Chauvinismus, dee grad an der « Amérique profonde » wäit verbreet ass.

Fir déi europäesch Politiker sollt dat Ganzt eng lescht Warnung sinn. Wann engersäits  sozial Ongläichheeten zouhuelen, anerersäits eng sougenannt Elite sech ëmmer erëm duerch Intrigen a Skandaler diskreditéiert, dann hu Populiste liicht Spill a brauche just permanent déiselwecht Phrasen ze dreschen. Virun dësem Hannergrond ass zum Beispill dat lamentabelt Bild, dat am Moment déi franséisch Politiker ofginn, eng regelrecht Gefor fir d’Demokratie.

Vläicht wier et de Moment, erëm dat ze entdecken, wat de Montesquieu als Fundament vun der Demokratie ausgemaach huet, nämlech d’Bereetschaft, zu all Moment de Gemeinschaftssënn iwwer perséinlech Interessen ze stellen. De Montesquieu huet dofir de Begrëff « la vertu » benotzt. E Wuert, dat wuel e bësse verstëbst kléngt. An awer : eis Politiker wiere gutt beroden, e bëssen iwwert dëse Begrëff nozedenken, anstatt hir Zäit op Facebook oder Twitter ze verplemperen. Zënter dem 20. Januar ass hir Verantwortung vis-à-vis vun der Demokratie e gutt Stéck méi grouss ginn. 



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.