Carte Blanche vum Paul Hammelmann„Knaus-Ogino“ am Stroosseverkéier

An senger Carte Blanche setzt de Paul Hammelmann sech mat 2 Sujeten auserneen, déi d’lescht Woch an der Aktualitéit stoungen: D’Reform vun de Rettungsdéngschter, de Fräiwëllegenasaz an eng parlamentaresch Ufro iwwer d’Stauen zu Lëtzebuerg. Hie beméit dofir eng Method aus der Empfängsnisverhütung: „Knaus-Ogino“ am Stroosseverkéier.

Carte Blanche vum Paul Hammelmann



Ech sinn elo wéini eng Kéier an aller Herrgottsfréi op de Findel gefuer; et war nach stackdäischter, mä d’Wieder war gutt, kee Glatäis. Ech war quasi eleng op der Strooss, bis op eemol virun der Sortie Sennengerbierg alles voller bloer Luuchten!

Do stoungen 3 Pompjeesautoen an 2 Ambulanzen, eng Onmass u Leit hu sech an der batterer Keelt ëm en Auto bekëmmert, deen op der Kopp loung. 2 Policeautoen hu mech mat héijer Vitess iwwerholl, fir d’Onglécksplaz ofzesécheren, ier de Beruffstrafic ugeet. Depanneuse koum aus der anerer Direktioun.

Den Dag drop sinn ech aus der Press gewuer ginn, wat geschitt war. E franséischen Auto – et hätt genau esou gutt e Lëtzebuerger kënne sinn – ass aus „ongekläerter Ursaach“ – liest „wéinst ze héijer Vitesse“ – an d’Leitplanke gerannt an huet sech iwwerschloen.

Déi 3 Insassen goufe liicht blesséiert an d’Spidol bruecht.

Also net vill passéiert, sot der mer elo!

Maach sinn, mä wat en Opwand!

Do mussen also eng gutt Dose Leit – deelweis Fräiwëlleger – mëtten an der Nuecht aus dem Bett, sech an den Dress geheien, an da stonnelaang an de Keelt sech em déi Blesséiert këmmeren, d’Leitplanke flécken, d’Autobunn botzen an esou fit maachen, fir de Beruffsverkéier, Rapporten schreiwen, all dat well een – een Egoist géif ech en titeléieren – gemengt huet, hie misst méi séier fueren, ewéi erlaabt.

Meng 1. Reaktioun war dann och dës Interventioun emol chiffréieren ze loossen, well bei eis am Land alles op en Kosten-Nutzungsschema reduzéiert gëtt.

Well awer an esou Fäll ze vill Verwaltungen a Persounen implizéiert sinn, kann ech haut an hei net mat engem Chiffer déngen.

De mënschlechen Opwand allerdéngs ka jiddereen novollzéien.

Een anert Phänomen, deem mir all Dag begéinen, ass d’lescht Woch chiffréiert ginn. Eng ronn 1.000 € pro Joer a pro Awunner, dat ass de finanziellen Impakt vun de Stauen zu Lëtzebuerg, also en Total vun 392 Milliounen, quasi 1 Prozent vum PIB!

Mä ass net och hei déi psychologesch Approche méi pertinent?

De Lëtzebuerger Automobilist – insofern et dier nach ëmmer muss ginn, - verbréngt, gemäss dëser Etude, 33 Stonnen am Joer an engem Stau.

E Pressecommuniqué vun „Déi Gréng“ virun de leschte Wahlen hat dësen Impakt esouguer op 12 Stonnen am Mount geschat!

Eng gefillten Éiwegkeet fir déi Betraffen!

A wann een da weess, dat dës 2 Ploen, d’Stauen an den Opwand bei deem gegrinsten Accident, meeschtens duerch d‘Iwwerschreide vun iergendenger Verkéiersregel bedéngt sinn, misst et dach deem leschten Abruti aliichten, datt et och an sengem Interessi ass, d’Regelen ze respektéieren.

Fir dëse Respekt duerchzesetze wier et utile, wéinstens an Spëtzestonnen eng vill méi apparent, reng präventiv Policepräsenz ze markéieren.

Déi géif post festum dëse Leit vill Aarbecht erspueren.

Oder musse mer esouwäit goen, wéi Paräis, wou se no der alles, mä net bewäerter, „Knaus-Ogino“-Method, eng Selektioun vun den autofräien Deeg gemaach hunn?

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.