Carte Blanche vum Benoît ReiterDem Mansfeld seng Ierfschaft

An senger Carte blanche vun haut seet eis de Benoît Reiter, Jurist an enger nationaler Institutioun, firwat mer eis solle mat engem längst verstuerwene Renaissanceprënz beschäftegen.

Carte Blanche vum Benoît Reiter



Dëst Joer feiere mer dem Peter-Ernst von Mansfeld säi 500. Gebuertsdag. Et sief kuerz drun erënnert, dass hie Gouverneur a Capitaine général, also politesch a militäresch Nummer 1, vu Lëtzebuerg war, vu 1545 bis zu sengem Doud 1604. De Grof Mansfeld war och ënner anerem nach Gouverneur général vun de fréieren Niederlanden, also ieweschte Vertrieder vum spuenesche Kinnek an dem haitege Benelux.

Eng Carte blanche ass net do, fir seng Nolauschterer mat Datumer vun Anno Tubak ze langweilen. Dofir wollt ech haut just e puer Iwwerleeunge weiderginn, iwwer d’Grënn, aus deenen ee sech iwwerhaapt soll dëst Joer mat dem Mansfeld beschäftegen. Wat bréngt et eis haut, fir sech zu Lëtzebuerg un dee Personnage z'erënneren?

Dat éischt, wat engem beim Mansfeld afält, ass, dass en iwwerhaapt kee Lëtzebuerger war. Hie staamt aus dem Osten vun Däitschland. Éier hien an eis d'Land komm ass, war hien an Éisträich, Nordafrika, Italien, Spuenien an duerno an der haiteger Belsch aktiv. Mat dem Mansfeld koum also e kosmopolitesche Geescht op Lëtzebuerg. Als en Net-Lëtzebuerger, war hie 59 Joer laang, also méi wéi de Pierre Werner, de Gaston Thorn, de Jacques Santer an de Jean-Claude Juncker zesummen, eise Regierungschef. De Mansfeld schéngt mer genee de Contraire ze sinn, vun deem engstirnegen Nationalismus, deem een a leschter Zäit ëmmer méi oft begéint.

Dem Grof Mansfeld seng zentral Bedeitung läit awer fir mech nach méi um kulturelle Gebitt. Hie war scho bal 20 Joer am Amt zu Lëtzebuerg, wéi hien ugefaangen huet, sech a Clausen eng Privatresidenz opriichten ze loossen. Aus deem, am Ufank éischter bescheidene klenge Schlass, ass am Laf vun de Joerzéngten eng fürstlech Residenz ginn. Eist Land huet e grousse gebaute Patrimoine, haaptsächlech feudal, militäresch a reliéis gepräägt. Mam Mansfeld-Schlass geschitt dofir an eiser Geschicht eppes Onerhéiertes, Eemoleges. Den héchste Personnage zu Lëtzebuerg gëtt e Verméigen aus, Suen, déi hie meeschtens huet misse léine goen, net fir Befestegungen oder fir d’Kierch. Nee, hie riicht sech säi privat Paradäis op, e Lustschloss mat wonnerschéine Gäert a Fontainen. Hie baut eng Privatbibliothéik op, sammelt frenetesch Antiquitéiten, déi iwwerall a sengem Park ze gesi sinn a constituéiert eng riseg Konschtkollektioun. De Mansfeld huet sech fir Wëssenschaft interesséiert, Mathematik, Geographie an Architektur. De Papp vun der moderner Kartographie, den Abraham Ortelius, war op Besuch beim Grof a Clausen. Den Hans Vredeman de Vries, e Gigant vun der Renaissance-Architektur nërdlech vun den Alpen, huet dem Mansfeld ee vu sengen Haaptwierker dedicacéiert.

Wëssenschaft, Konscht, Kultur, Schéinheet waren dem Mansfeld wichteg. Säi Schlass ass verfall an zerstéiert ginn, d’Gäert verwüst, seng Konschtsammlung ass a Spuenien komm. Trotzdeem ass d’Erënnerung un dës eemoleg Leeschtung vu Generatioun zu Generatioun weidergi ginn. Vläicht fänkt dat, wat de Mansfeld viru méi wéi 450 Joer a Clausen geséit huet am Lëtzebuerg vum 21. Joerhonnert u mat bléien. Et ass op jiddefalls eng Perspektiv, fir déi et sech lount ze schaffen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.