Carte Blanche vum Robert WeberEt gëtt héich Zäit, eppes z'ënnerhuelen

Dir héiert elo eng Carte Blanche vum Robert Weber, dem fréieren Nationalpresident vum LCGB a fréieren Deputéierten. Den Här Weber schwätzt iwwert di finanziell Grondbildung.

Carte Blanche vum Robert Weber



Dass de Bildungsniveau an Europa e grousse Problem duerstellt, wësse mer net eréischt zanter den Pisa-Etüden. Och zu Lëtzebuerg gëtt monter un eisem Bildungssystem reforméiert, driwwer diskutéiert an polemiséiert.

De jeeweilege Bildungssystem soll Wëssen vermëttelen an aus dem jeeweilegen Mënsch e selbstännegen a responsabelen Member an eiser Gesellschaft maachen. Ech wëll elo mech net un der aktueller Debatt zu Lëtzebuerg bedeelegen, awer ech stelle fest, dass de Problem vill méi déifgräifend a komplizéiert ass wéi geduecht.

Di däitsch Assurancen-Gesellschaft „ Allianz“ huet elo rezent eng Etüd iwwert di finanziell Grondbildung an Europa publizéiert. Dës Etüd ass an 10 west-europäesche Länner duerchgefouert ginn. Am November 2016 si jee 1.000 Teilnehmer an Éisträich, der Belsch, Frankräich, Däitschland, Italien, Holland, Portugal, Spuenien, der Schwäiz an GB befrot ginn. (Et waren einfach Froen.)

Fazit: De Bildungsniveau an Europa a Saachen „ Finanzen“ ass ganz kleng!

D’Wëssen a West-Europa ( vun Ost-Europa guer net ze schwätzen ) a Saachen „ Finanzen“ ass erschreckend. Dobäi huet di weltwäit Finanzkris zanter 2009 eis knallhaart däitlech gemaacht, wéi wichteg eng finanziell Grondbildung ass. Di Ëmfro vun der „Allianz“ weist kloer, dass e Grondwëssen a puncto Finanzen a Risiken et de Mënschen erméiglecht, di richteg finanziell Entscheedungen treffen ze kënnen an zwar bei Spuerméiglechkeeten, bei Investitiounen an bei de Finanzprodukter selwer.

D’Finanzthemen sinn haut, also no dem Finanzcrash a sengen Auswierkungen zanter 2009, omnipräsent an awer wëssen Europäer ganz wéineg iwwert Finanzen a Risiken. D’Éisträicher an di Däitsch hu bei dëser Ëmfro am beschten ofgeschnidden. Manner wéi 20% woussten relativ gutt Bescheed. Froen, wat „ Risikostreeung“ bedeit, woussten di wéinegst ze beäntweren. Frae wëssen am wéinegste Bescheed. Di manner wéi 35- Järeg wëssen bal guer net Bescheed. Et ass an engem héchsten Moss beonrouegend, dass sech de Wëssensstand -grad vu Fraen a Jugendlecher- an deenen leschten Joren net verbessert huet. Am Géigesaz zu eeleren a fréieren Generatiounen hunn di heiteg jonk Generatiounen méi Verantwortung fir hir Finanz-a Pensiounsplanung ze droen. Grad si mussen sech also méi aktiv drëm këmmeren.

Di Ëmfro ass leider net zu Lëtzebuerg duerchgefouert ginn. Ween awer elo e mengt, mir wären dach de Champion vun der Welt, deem soen ech knallhaart: a wa mir och esou gutt wéi d’Éisträicher oder di Däitsch wären, dann hätte mer awer eng sefteg Datz.

Dës Situatioun ass net eleng eng Fro fir d’Politik, hei sinn all Träger an eiser Gesellschaft gefuerdert. An "last but not least" mir alleguerten.

Also wat maache mer?!



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.