Carte Blanche vum Jean-Louis SchlesserZweedeiteg Gefiller vis-à-vis vum Auto

Zweedeiteg Gefiller huet de Jean-Louis Schlesser vis-à-vis vum Auto. Wat bréngt en a wat kascht en? An ... kënne mer esou weider fueren oder kënne mer geschwënn iwwerhaapt net méi fueren?

Bekanntlech gehéiere mer zu den Europameeschter vum „Am-Stau-stoen“. Iwwert d‘“Am-Stau-stoen“ ginn et säit e puer Joer eng Rei Etuden, Statistiken, Relevéen. D’Resultater sinn net iwwerall déi selwecht, mee egal wat och d’Source ass, mir sinn ëmmer mat der Nues vir. An dat an engem butzeg klenge Land an an enger éischter klenger Stad? Wat och bei eis opfält, ass déi séier Progressioun vun der am Stau verplemperter Zäit. Geschwë sti mer. Elo muss et jo e Grond gi firwat de Stau existéiert. De Grond ass den Auto. Aha! Elo hummer et! Eng bleche, lackéiert a verchroomte Këscht mat engem Motor, véier Rieder an, mëttlerweil, enger Computerleeschtung déi duer géif goen, fir eng Rakéit op de Mars ze schécken.

Den Auto ass fir vill Leit – a villäicht zu Lëtzebuerg eng Iddi méi wéi op anere Plazen – zu engem Liewenszil ginn. Ech hunn e Bekannten, dee sech e Porsche 911 geleescht huet. Wéi hie seng Maschinn geliwwert krut, sot hien dat wär de schéinsten Dag vu sengem Liewe gewiescht. (Ech muss betounen datt net all meng Bekannte mat sou engem Auto dorëmmer fueren!) Datt déi Persoun dat gesot huet, a sech näischt Béises dobäi geduecht huet - an ech weess, datt et Tonne Leit gëtt, déi genee wéi hien denken - ass fir mech d’Zeechen datt eppes, ech géif bal soen, Kulturelles, Zivilisatiounsbedéngstes gehéiereg schif gaangen ass.
Dat bréngt mech derzou ze behaapten, datt den Auto, als Symbol vun enger iwwerméisseg individualistescher, materialistescher, jo bornéierter Gesellschaft mir zimlech op d’Nerve geet. Ech ginn och de Verdacht net lass, datt, obschonn sech all Mënsch doriwwer beschwéiert, et fir vill Leit eng Aart klammheemlech Freed ass, zesumme mat aneren am Stau ze stoen. Als eng Aart Ersatz – Solidaritéitshandlung? Villäicht. Wie weess?

Och wann et den Objet vu grousse politeschen Absichtserklärungen war an ass, vu gréng iwwer rout a blo bis schwaarz, e wierklech konsequenten Ausbau vum ëffentleche Persounentransport kënnt, éischtens, zéng Joer ze spéit an hat, zweetens, ni déi verdéngte Prioritéit. Ons national Eisebunn ass do e gutt Beispill. Eng performant Eisebunn ass eis CFL a kenger Hisiicht. A wie mam Zuch op Esch fiert an do, no der obligater Verspéidung, iwwer de Quai geet, mengt hie wär zu Pjöngjang an Nordkorea ukomm. Op villen anere Garen ass et net besser. Gudden Déngscht um Client gesäit definitiv anescht aus.

Iergend eng Kéier musse mer agesinn, datt et vun engem gesellschaftleche Point-de-vue hien ze deier gëtt, den Auto als den absolute soziale Fetisch unzegesinn. An datt et net besonnesch intelligent ass, d'Zuel vun den Autos-Immatrikulatiounen, wa se dann an d’Luucht geet, als eng Erfollegsmodell unzegesinn, mee éischter als en Indiz, datt et nach schrecklech vill ze maache gëtt zu Lëtzebuerg, bei der Bunn an an de Käpp vun de Leit.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.