Carte Blanche vum Paul EstgenWat ass d'European Values Study?

D’European Values Study ass eng grouss europäesch sozialwëssenschaftlech Studie, déi säit 1981 a villen europäesche Länner am Rhythmus vun all 9 Joer gemaach gouf. Déi nächst Editioun ass virgesinn um Enn vun dësem Joer. Dozou eng Carte Blanche vum Paul Estgen, Soziolog am Centre Jean 23.

Wat genau ass déi Studie déi « European Values Study » genannt gëtt ? An de 70er Joren hunn en puer Sozialwëssenschaftler vu groussen Unien aus onsen Nopeschlänner sech zesummen gesat, mat der Iddi dir besser ze verstoen, wat dann déi europäesch Wäerter sinn, aus deem dat Europa, dat dunn am Opbau war, sech géif begrënnen. Si hunn du gemeinsam eng grouss Enquête entworf, dir déi wichteg Liewensberäicher ze beliichten. D'Fro ass wat d’Leit sech vum Liewen erwaarden, vu wéi enge Prinzipie si sech leede loossen an u wat si gleewen. Doduerch dass ee Froen zu de Beräicher Famill, Aarbecht, Relioun, Moral, Politik, Engagement, Zougehéieregkeet, europäesch Konstruktioun an och Immigratioun gestallt huet, konnt een Zesummenhäng novollzéien an esou global Liewensastellungen erausschielen.

Déi Enquêten déi an all Länner, mat deem selwechten Froebou gemaach goufen, hunn et erlaabt fir Regioune, Länner a Gruppen ze vergläichen. A vu dass se all 9 Joer gemaach gëtt, kann een och déi grouss Gesellschaftsentwécklungen novollzéien.
Lëtzebuerg huet 2 Mol un dësem Projet deelgeholl. 1999 war et den SESOPI, haut den CEFIS, deen d’Etude gemaach huet, an 2008 war et den CEPS, deen haut den LISER heescht.

Och fir Lëtzebuerg sinn esou Enquêten extrem wichteg, well et ons erlaabt en « objektive » Bléck op ons Gesellschaft ze werfen, an Zesummenhäng vun den existenzielle Liewensberäicher a Liewenssituatiounen ze erklären.

E Beispill : wa mer haut iwwer d’Froe vun deem Réckhalt vun den demokratesche Prinzipien an der Lëtzebuerger Gesellschaft diskutéieren, ass et jo mol wichteg ze wëssen, wat d’Bierger zu deem Thema denken. Wann dann awer en Deel vun der Bevëlkerung seet, dass Demokratie kee gudde System ass (1999 waren dat ëmmerhi 7% vun der Bevëlkerung), dann ass et gutt ze verstoen, wien déi Leit sinn a wat d'Zesummenhäng mat deenen anere Liewensberaïcher sinn. Wéi positionéiert dëse Grupp sech zu Froe vun der Aarbecht ? Wéi gesinn dës Leit hir Identitéit, hiert Zesummeliewen an enger multikultureller Realitéit ? An Zäite wou et staark populistesch Stréimungen a ganz Europa ginn, ass dat sécher e wichtegt Element, fir wann een eng Politik zur Stäerkung vun der Demokratie wëll op d’Bee stellen.

En anert Beispill : Relioun ass jo sécher en gesellschaftspolitesch Thema zu Lëtzebuerg. Mee et ass schwiereg ze diskutéieren an ze argumentéieren, wann ee sech net eens ass iwwer d’Situatioun. Wie gleeft u wat zu Lëtzebuerg - ass jo mol en zentral Fro ? An ass de Glawe verbonne mat den anere Liewensberäicher, wéi zum Beispill Froen zu Famill, zum Engagement, zur politescher Zougehéieregkeet, an esou weider. Wéi eng Verännerunge ginn et bei dem Thema,  doduercher dass d’Generatioune sech ofléisen an dass mer zu Lëtzebuerg eng staark Immigratioun hunn ?

Sou Etuden, och wa se vill kaschten, erlaben et de gesellschaftspoliteschen Discours an der Realitéit ze verwuerzelen. Wa mer haut grouss Beräicher vun onser Gesellschaft wëlle reforméieren, dann ass et wichteg ze verstoen, wéi d’Bevëlkerung doriwwer denkt, wat déi kulturell Wäerter sinn, déi dat gesellschaftlecht Zesummeliewen hei zu Lëtzebuerg erméiglechen.

Ech bedaueren ëmsou méi, dass, no den Informatiounen déi ech hunn, Lëtzebuerg bei der neier Oplo vun dëser Etude net dobäi ass. Et ass ëmsou méi schued, well mer domadder den Investissement vun 1999 an 2008 net weiderféieren, wat et de Sozialwëssenschaftler zu Lëtzebuerg erschwéiert dir ze kucken, wéi eng grouss Gesellschaftsverännerungen et an de leschten 20 Jore ginn huet. An sou turbulenten Zäite wär dat net nëmmen interessant, mee extrem wichteg fir d’Zukunft vu Lëtzebuerg virzebereeden. Mee villäicht fënnt sech jo eng Equipe an eng Finanzéierungsméiglechkeet, beim LISER, op der Uni oder am Statec, deen dës Enquête ka maachen an et esou erlaabt e bessert Bild vun der Gesellschaft an onser Kultur an dësen Zäite vu groussen Ëmbréch ze kréien.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.