Carte Blanche vum Robert GoebbelsLëtzebuergesch ass O.K.

Dozou eng Carte Blanche vum Robert Goebbels, fréiere Wirtschaftsminister.

Haut schwätze mir nëmme Lëtzebuergesch, esou richteg vun der Long op Zong. Ouni esou onverständlech franséisch Wierder ewéi Baguette oder Croissant, Champagne oder Camembert.

Mir vergiessen de „Mobbing“ beim „Job“, feieren „Party“, fueren mam „Nigth Rider“ an en „Drive In“, „tasten“ e „Cocktail“, een „Bloody Mary“, een „Sex on the Beach“. Mir iessen e „Burger“ mat „Ketch-up“, „French Fries“  oder „ Fish and Chips“. Mat „Dressing“. An drénken "Coke".  Oder Béier „lite“.

Op „Smart-Phone“ oder „Tablet“ kucke mir ons „Mail“, sinn op „Facebook“, „Twitter“, „Instagram“. Dank „Google“ an der „Software“ vun „Windows“ si mir „connected“. Merci „Hot City“.

Et ass „Weekend“. Eng „Newsletter“ op onsem „E-Book“ mellt: „Love to travel“.  D’„Information Society“ ass „on the move“.

Iwwer „Booking“ reservéiere mir „Last Minute“ bei enger „Lowcost“ fir ee klenge „Spring break“ mat „Sightseeing“, „Entertainement“, „Body-Building“, „Wellness“, „Stretching“ a „Peeling“.

„Swimming Pool“, „Mountain-Biking“ an „Nordic Walking“ sinn och virgesinn. Dat gëtt „cool“. Schnell nach a „Selfie“!

Fir den „Airport“ „booken“ mir „online“ bei „Uber“,  „Executive Line“ oder „Web-Taxi“. Mir kéinten och de „Cool Bus“ oder e „Multiplicity“-Bus benotzen. Oder de „Connecting People“-Bus.

Am „Tax Free“ gëtt et nach „Shopping“. All „Bargain“ ass gutt! Dat spuert ons „Cash“.

„Breaking news“ op dem „Smart-Screen“: Onse „Champ“ as am „Cup-Final“: „Goal, Goal, Goal“, en „Hattrick“, de „Keeper“ 3 Mol geschloen, no „Corner“ an „Penalty“. Dono eng „Reality Show“ mat „Stars“ an „Oldies“.

Laut RTL-„Background“ setzt d’Politik op „e-Government“. „Marketing“ ass „in“. Onse „Business-Model“ ass „digital“, mir stinn op „Big Data“, „Smart Cities“, „Smart Homes“, „Techno-Ports“ an „Clusters“. Alles no „Brain-Storming“ mam Rifkind.

Dofir gëtt et elo „Nation Branding“. A „Space-Mining“, well mir ginn „Cyber“. Dat ass eréischt de „Beginning“ vun der „Smart Economy“, alles „Bottom up“ mat den „Prosumers“, den „Smart-Meter“, de „Block-chains“ an  „Bit-Coins“.

D“Hit-Parade“ vun der „Digital Economy“ gëtt ugefeiert vun „Clout-Computing“, den „FinTech“ an aner „Startup“. Dofir hu mir eng „House of Finance“. Fir de „Coaching“ gëtt et en „One-Stop-Shop “.

„Small is beautiful“. Lëtzebuerg de Lëtzebuerger... Ouni „Brushing“, „Styling“ an anere franséischen „Make up“. „Let’s make Luxembourg great again“. Wie brauch schonns d'Fransousen oder d’Preisen? Bayern München a „mia san mia“ ass onsen Ideal.

Oder dach net ???

 

 

 

 

 

 

 

 



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.
 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.