Carte Blanche vum Emile HaagE klengt Land a beweegten Zäiten

Den Historiker, fréieren Direkter vum Stater Kolléisch a fréieren Nationalpresident vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP analyséiert d'Situatioun vum Grand-Duché an enger ongemittlecher politescher Grouss-Wiederlag.

© Christof Weber

Carte Blanche vum Emile Haag



Zanter Mëtt 2016, no der Surprise vum Brexit an England, gi mer monter weider Surprisen entgéint, déi eist bis dohin éischter gemittlecht Liewen a Fro stellen. Op engem Hannergrond vun Honger an Afrika, Refugiésundrang no Europa, Terror a Frankräich an an Däitschland, Krich a Biergerkrich an der Ukrain, Syrien, Irak, Jemen a Libyen, kënnt da nach déi gréisste Surprise: den Immobiliemilliardär Donald Trump, no enger elektoraler Drecksschluecht-Campagne sonnergläichen, am Wäissen Haus. Am Frankräich, bei enger zerstriddener Gauche an enger verhedderter Droite, d'Marine Le Pen "ante portas".

Berouegend sinn do awer d'Victoire vum "bon sens" an Éisträich an an Holland, trotz ville Problemer, déi politesch a wirtschaftlech Stabilitéit an Däitschland.

Et bleiwen awer d'Demokratur-Champione Putin an Erdogan mam Wand an de Seegelen, Griichenland an Italien finanziell nach ëmmer uerg ugeschloen, mä de Combel: en amerikanesche President, nach ëmmer gedroe vun enger populistescher Grondwell, total onberechenbar a senge politeschen Aussoen an Aktiounen. Dat huet eis nach grad gefeelt.

Europa zwar zerstridden an existenziell menacéiert, weist awer e klenge Liichtbléck op, well eis däitsch Noperen an eventuell Frankräich, mä ouni Le Pen, versichen aus dem Déif erauszesteieren mat dem Plang en Europa "à vitesses variables" ze lancéieren.

Dëst wär e konstruktive Mëttelwee tëscht méi a manner Europa, déi deem Ganzen een neien Elan kéint ginn. Dobäi kritt eise fréiere Premier a jëtzege Kommissiounspresident d'Geleeënheet, eng aktiv Roll ze spillen.

Als klengt Land, dat bis elo gutt derduerch komm ass, kënne mer net passiv nokucken, mä mir mussen mat eisen direkte Noperen un engem Strang zéien fir déi europäesch Kar aus dem Dreck ze kréien. Eis intern politesch Stabilitéit, eise wirtschaftleche Wuesstem hänken direkt mat dem gudde Fonctionnement vun der EU zesummen. Wichteg ass a bleift d'Asiicht, dass, wann et eise Nopere gutt geet, et eis och gutt geet, wa net, da musse mer eis op allerhand gefaasst halen. Virun allem däerfe mer net d'Hänn an de Schouss leeën a Gottes Waasser iwwer Gottes Land lafe loossen. Mir sinn a bleiwen nun eemol e klengen Hellegen an enger grousser Kierch, mä och déi Kleng mussen um Ball bleiwen an dierfe sech net kleng kréie loossen.

Dobäi solle mer awer dem Dicks säi Sproch an eisem fréieren Ausseminister Bech seng Devise net vergiessen: "Kuck, wou s de stees a wou s de bass / Den Zolverknapp ass kee Parnass.", dat heescht aktiv sinn, jo, mä "low key" bleiwen, ouni Gedäisch.

Mir si gutt beroden, resolut déi europäesch Kaart ze spillen!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.