Carte Blanche vum Robert DennewaldFlüchtlinge méi an d'Aarbechtswelt integréieren

De Robert Dennewald ass President vun der Chaux de Contern a schwätzt iwwert de Rôle vun den Entreprisë bei der Integratioun vun de Flüchtlingen zu Lëtzebuerg.

© Chambre de Commerce


Virun e puer Méint hat ech d’Geleeënheet, e Gespréich mat enger Equipe vu Benevolle bei mir am Kallekswierk vu Contern iwwert d’Integratioun vun de Flüchtlingen ze féieren.

Si hu mech op déi vill Erausfuerderungen higewisen, deenen d'Flüchtlingen ausgesat sinn, sief dat gesellschaftlecher Natur, wat de Logement ugeet oder d'Aarbecht. Si hu mech drop higewisen, dass d’Patrone méi aktiv dësen Accès zur Aarbechtswelt ënnerstëtze kéinten, an deem se de Flüchtlinge Stagen offréieren oder, nach besser, hinnen eng Aarbecht ubidde géifen.

No dem Gespréich hunn ech mech derzou entscheet, mat dem gudden Beispill virzegoen, an ee Flüchtling bei mir am Betrib als Mataarbechter opzehuelen. Ech hat d'Chance, op e Syrier ze falen, deen eng ausgezeechent Ausbildung huet an deen ech gutt a meng Equippen integréieren konnt.

D'Integratioun vu Flüchtlingen an d'Aarbechtswelt ass fir mech eng Grondviraussëtzung fir eng korrekt Integratioun an d'Lëtzebuerger Gesellschaft. Mir mussen ons also froen, ob mer als Patronen net kollektiv méi e groussen Effort maache missten, fir déi zum Deel gutt ausgebilten a meeschtens top motivéiert Flüchtlingen an onsen Betriber opzehuelen. Mir géifen hinnen domat eng Chance op eng gesond Liewensgrondlag bidden.

Ech denke ganz besonnesch, awer net nëmmen un déi 131 Betriber, déi hei zu Lëtzebuerg de Label vu sozialreponsabele Betriber droen. Hinne misst d'Schicksal vun de Flüchtlinge ganz besonnesch um Häerz leien. Géifen all dës Betriber, déi oft händeringend no qualifizéierten Aarbechtskräfte sichen, sech derzou engagéieren, pro honnert oder pro zwee honnert Mataarbechter ee Flüchtling anzestellen, wiere vill Problemer geléist. Hir jeeweileg Betriber wieren duerch d’Präsenz vun dësen neie Mataarbechter beräichert.

Ech maachen also en Opruff un all meng Patrons-Kollegen, sech aktiv fir d'Flüchtlingen anzesetzen. Si kënne sech vertrauensvoll un d'ADEM oder awer och un d'ASTI wenden, déi mat hirem "Connections"-Programm de Flüchtlingen Zougang zur Aarbechtswelt verschaaft.
 
D'Léisung vun der Flüchtlingsfro, grad ewéi déi vum Chômage, wou d’Patronen am Kader vum "Pacte pour l’Emploi" Grousses geleescht hunn, sinn Themen, déi ons all beréieren. Als responsabel Zivilgesellschaft solle mir déi Themen net eleng der Regierung iwwerloossen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.