Carte Blanche vum Joaquim Monteiro5 Zeenarie fir d’EU

De 25. Mäerz 1957 hu sechs Länner de réimeschen Traité ënnerschriwwen an déi Europäesch Communautéit gegrënnt. 60 Joer méi spéit, gëtt déi europäesch Integratioun ëmmer méi a Fro gestalt. Eng Carte Blanche vum Joaquim Monteiro*.

Carte Blanche vum Joaquim Monteiro



De 25. Mäerz 1957, hu sechs Länner - Belsch, Frankräich, Italien, Lëtzebuerg, Holland an Däitschland - de réimeschen Traité ënnerschriwwen an domat déi Europäesch Communautéit gegrënnt, déi duerch eng Visioun vu Fridden, Dignitéit, Demokratie, Gläichheet a Solidaritéit inspiréiert gouf.

60 Joer méi spéit, gëtt déi europäesch Integratioun ëmmer méi a Fro gestalt. An dësem Kontext, huet d’Europäesch Kommissioun, virun ee puer Deeg, hiren White Paper virgestallt. D’Kommissioun wëllt domat zur Reflexioun iwwert d'Zukunft vun Europa bäidroen a proposéiert fënnef méiglech Zeenarien: 1) weider wéi bis elo, also Status Quo, 2) näischt ausser de Bannemaart, 3) déi, déi méi wëlle maachen, solle méi maache kënnen, 4) manner maachen awer méi effikass a 5) vill méi zesumme maachen, also méi Integratioun.

Am éischten Zeenario, dee vum Status Quo also, besteet de Risiko, dass de Bierger interpretéiert, dass d'Europäesch Institutiounen zwar Schwieregkeeten am aktuelle Fonctionnement unerkennen, awer trotzdem decidéieren näischt ze ënnerhuelen.

Den zweeten Zeenario proposéiert Efforten op de Bannemaart ze konzentréieren. De Risiko vun dëser Approche ass, dass Differenzen a Beräicher, déi ausserhalb vum Bannemaart falen, méi grouss ginn.

Den Haaptrisiko am drëtten Zeenario, dee vun engem Europa mat verschidde Vitessen, ass deen dass mer op eng EU "à la carte" steieren. Bierger kéinte verschidde Rechter hunn, deemno wéi a wéi engem EU-Land se Resident sinn.

Am véierten Zeenario, proposéiert de White Paper manner ze maachen, mä méi effikass. D'Entscheedungsprozesser géifen eventuell méi transparent ginn, mä d’Kommissioun gëtt et selwer zou, dass déi gréissten Erausfuerderung ass, ee gemeinsamen Nenner Punkto Prioritéiten ze fannen.

Schlussendlech bitt de fënneften Zeenario méi Integratioun un. De Risiko an dësem Fall ass, dass d’Legitimitéit vun der EU nach méi a Fro gestalt gëtt par Rapport zu den nationalen Autoritéiten.

Wat de White Paper net mécht, ass d’Fro zum Beispill ze stellen, wéi een d’EU méi no un de Bierger ka bréngen? Oder och nach, wéi een déi demokratesch Prinzipie vun Transparenz, Participatioun a Rechenschaft kéint stäerken? Dës Froe wäerte wahrscheinlech an den Diskussiounen tëscht Staatscheffen optauchen, mä et kéint een se elo scho vu vir era stellen. D'Diskussiounen iwwert d'Zukunft vun der EU sollten sech eigentlech net ëm déi technokratesch Struktur vun dëser beschränken, mä éischter sech mat der Fro beschäftegen op wéi eng Prinzipie mer d’EU wëllen ausbauen, genee esou wéi dat 1957 gemaach gouf.

* Vize-President vun der Lëtzebuerger Entwécklung-ONG Stop Aids Now/Action de Coopération pour l’environnement et la santé


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.