Carte Blanche vum Michel MaquilHandelen, ier et ze spéit ass

Wa vun der Flüchtlingskris geschwat gëtt, dann denke mir automatesch un den Noen Osten. Mä et ginn och aner Regiounen, aus deene sech Flüchtlingsstréim a Richtung vun Europa kéinten a Beweegung setzen an dat an éischter Plaz aus Afrika. An dëser Carte Blanche gëtt en Ëmdenke vun der Europäescher Entwécklungspolitik an deem Kontinent ugereegt, fir iwwer dee Wee eng Situatioun zum gréissten Deel ze evitéieren, wéi mer se duerch déi verschidde rezent Krisen am Noen Osten erlieft hunn.

Déi rezent Flüchtlingskris huet eng grouss Veronsécherung an der europäescher Gesellschaft matsechbruecht. Och wann et gelongen ass, d'Zuel vun den Flüchtlingen, déi an eis Länner kommen, staark ze reduzéieren, dann ass domatter de Problem, besonnesch am Noen Osten, nach laang net geléist.

Niewent dem Noen Oste musse mir och d'Situatioun a ganz Afrika intensiv observéieren. D'Bevëlkerung vun deem Kontinent wäert sech an de nächsten 30 Joer vun 1,2 Milliarden, praktesch verduebelen op wäit iwwer 2 Milliarde Mënschen, wat gewalteg Erausfuerderunge fir déi Länner an Afrika matsechbréngt.

Dowéinst kommen all Joer Millioune jonk Leit nei op den Aarbechtsmaart. Leider ass an deene Länner de Wirtschaftswuesstem vill ze schwaach, fir esou ville Jonken eng Aarbechtsplaz unzebidden. Esou missten eleng an Afrika all Joer ronn 18 Millioune nei Aarbechtsplaze geschaf ginn, fir där Nofro eenegermoosse gerecht ze ginn. Laut enger internationaler Beroder Firma sinn awer, an de leschte 5 Joer, héchstens 4,1 Milliounen Aarbechtsplaze pro Joer geschafe ginn.

Wann elo an deem Kontinent Millioune jonk Leit guer keng Aussiicht op Aarbecht hunn, da bréngt dat noutgedronge mënschlech Katastrophe mat sech, wéi Hongersnout, Epidemien, Gewalt a Krich. Dann ass d'Gefor ganz grouss, datt vill Leit sech op de Wee fir Europa maachen an der Hoffnung do eng besser Zukunft kënnen opzebauen.

Wou sollte se och soss higoen?

Wann Europa eng massiv Flüchtlingswell aus Afrika wëll vermeiden, da muss dringend eng ganz zilgerecht a koordinéiert Aktioun an deem Kontinent ënnerholl ginn, wou am wesentlechen 3 Axen dra musse sinn.

Fir d'éischt muss alles gemaach ginn, fir d'Korruptioun an deene Länner efficace a ganz energesch ze bekämpfen. Esou kéinten déi wéineg Budgetsmëttelen, déi déi Länner hunn, verstäerkt zum Notze vun deene Bierger agesat ginn, déi se am meeschte brauchen. Hei ka ganz vill erreecht ginn, zum Beispill, duerch eng verstäerkten Transparenz vun de Finanztransaktiounen.

Da muss och virun allem d'Bildung an d'Ausbildung, vun der breeder Bevëlkerung, eng absolut Prioritéit an der Ëntwécklungspolitik kréien. Dëst ass op alle Niveauen néideg a muss esou Wuel als Zilgruppen, d'Kanner, d'Jugendlech an déi Erwuessen erreechen, fir esou de Bildungsniveau vun der gesamter Bevëlkerung eropzesetzen. D'Beispill vun Asien huet esou bewisen, datt wann de Bildungsniveau vun allen Awunner eropgeet, déi demografesch Entwécklung automatesch zréckgeet.

Schlussendlech misste weider Ustrengunge gemaach ginn, fir datt de Wirtschaftswuesstem an déi demografesch Entwécklung géigesäiteg an Aklang bruecht ginn.

D'Länner aus der Europäescher Unioun missten hir national Politik matenee koordinéieren a se dëse gewaltegen Erausfuerderungen upassen. Eng couragéiert a koherent gemeinsam Entwécklungspolitik ass hei ubruecht.

Iwwregens ass Europa, duerch seng geografesch Positioun, a seng Aktioun an deem Kontinent, déi Regioun déi laangfristeg am meeschte vun engem Opschwonk an Afrika profitéiere géif.

Hoffentlech gëtt hei gehandelt, ier et ze spéit ass.

 

Michel Maquil

Fräie Wirtschaftsberoder

Fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.