Carte Blanche vum Roland PinnelLëtzebuerg, eng oppe Stad

An der «carte blanche» vun haut geet Rieds vun der Stad Lëtzebuerg als eng oppe Stad. De Begrëff «oppe Stad» kann ee jo op vill Manéieren interpretéieren. A genee zu där Thematik huet de Roland Pinnel sech e puer Gedanke gemaach.

Carte Blanche Roland Pinnel



Gell, mir sinn eis jo all eens, dass Lëtzebuerg eng oppe Stad ass. D’Fro ass just déi, wat een ënner enger «oppener Stad»  versteet.

Et huet emol eng Kéier eng «Action Luxembourg Centre – Luxembourg Ville O u v e r t e » ginn. Déi sougenannten oppe Stad war eng Initiative vun der Geschäftswelt vun der Uewerstad.

Am wuertwiertleche Sënn kann ee «Lëtzebuerg, oppe Stad» awer och nach ënner dem Bléckwénkel vun enger Stad gesinn, an där et am Buedem vill grouss Lächer gëtt, och nach Chantiere genannt. Do hu mer et de Moment nun awer wierklech mat enger ganz oppener Stad ze dinn. Wéi heescht et dach esou schéin? Eng Stad ouni Schantercher wär eng doudeg Stad. Dann hu mer et haut esouguer mat enger regelrecht hyperaktiver Stad ze dinn.

«Oppe Stad» kann awer och nach am iwwerdroene Sënn verstane ginn; als «open minded». Dat ass d’Stad Lëtzebuerg ganz bestëmmt, an d’Bezeechnung «multiplicity» dréit deem perfekt Rechnung.

Ech wëll allerdéngs hei vun enger nach anerer oppener Stad schwätzen, nämlech vun där, déi mer dëst Joer zanter genee 150 Joer sinn. War et dach den 11. Mee 1867, wou dee fir d’Stad enorm wichtege Vertrag vu London ënnerschriwwe ginn ass. Laut deem Traité hunn, ënnert anerem, der Stad hir Festungswieker missen zerstéiert ginn. Eréischt dunn huet si hire Joerhonnerten ale Korsseli ofgeluecht a si ass eng «oppe Stad» ginn. Esou konnt si sech, no engem net ëmmer einfache städtebauleche Parcours, zu där Stad entwéckelen, déi mer haut kennen.

Et ass an deem Kontext absolut ubruecht, dem 150. Joresdag vum 11. Mee 1867 speziell ze gedenken. Also a genee sechs Wochen. Wéi an der Tëschenzäit bekannt, hunn eis Autoritéite jo do eppes ganz Spezielles am Schna. D’Visite vun der Duchesse vu Cambridge zu Lëtzebuerg gëtt där Zelebratioun bestëmmt e besonneschen Eclat. Dat ënnersträicht ëmsou méi d’Bedeitung vum Joer 1867 fir déi spéider urbanistesch Evolutioun vun der Stad an och fir déi allgemeng Entwécklung vum Land.

Et ass och gutt a richteg, dass dëst Evenement termingerecht commemoréiert gëtt, dat heescht den 11. Mee selwer. An net, wéi et um Enn vum leschte Joer bei der ëffentlecher Feier vum 125. Anniversaire vun eiser Dynastie geschitt ass. Déi Gedenkfeier ass nämlech net 125 Joer, nodeems den Adolph Grand-Duc ginn ass, organiséiert ginn, mä exakt 126 Joer a 15 Deeg duerno!

Gott sei Dank klappt et da wéinstens dës Kéier besser mat dem Datumsmanagement. Well d’Fester soll ee jo bekanntlech esou feieren, wéi se falen!

 



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.