Carte Blanche vum Paul Rauchsadr

A senger Carte Blanche kommentéiert de Paul Rauchs d'Problemer, déi den ADR mat verschiddene vu senge Parteigänger huet.

Eis Parteien halen dëst Freijoer eng no der anerer, pardon eng nieft der anerer, hir Kongresser of, a lauden domat de Kampf fir d'Gemenge- mee och natierlech fir d'Chamberwahlen an. D'Lëtzebuerger Wort gëtt der CSV Schützenhëllef a wëllt Evenementer, déi keng sinn, zu Skandalen opbauschen, déi och näischt ginn. Am lénken Eck gëtt virun enger CSV-ADR Koalitioun gewarnt, vun där muncher an der Ex-Rentnerpartei och schonn dreemen. An dofir huet de Gast Gibéryen dann och schonn d'Fréijoersbotz a senger Partei gemaach. Wéi e richtege Regisseur, huet en e Remake gedréit vu "Chez nous", engem flotten a wichtege franséische Film, deen nach bis virun 2 Wochen an eise Kinoe gelaf ass.

De Lucas Belvaux huet an dësem Film op d'Geschicht an och d'Gefore vum Front National higewisen: den exzellenten André Dussolier spillt en honorabelen Parteibonz, deen d'Drecksaarbecht vum Stéphane, engem klenge brutalen Neonazi maache léisst. Mee fir säin demokrateschen Schäimäntelchen unzehalen, muss de "Bloc Patriotique", alias Front National, dee béise Stéphane aus senge Reien ausschléissen.

Erënnert dës Geschicht iech un näischt ? Virun e puer Wochen ass dach e gewësse Joe Thein aus der ADR geflunn, well en e Like op Facebook gemaach huet, fir en Opruff, de Jean Asselborn am dekapotabelen Auto duerch Dallas ze féieren. De jonke Mann huet sech dono als Opfer, net vun Homophobie, mee, lauschtert elo gutt no, vun Naziphobie gesinn. Am Jacques Molitor sengem Film Routweissgro dréckt de Joe Thein da seng Bewonnerung fir seng Urgroussmamm aus, déi an hirem laange Liewen villes gesinn huet, an ech zitéieren elo sënngeméiss aus der Erënnerung: nämlech 2 Weltkricher, dat kommunistescht Däitschland, de kale Krich an den islameschen Terror. Hie verléiert awer kee Wuert iwwer dem Hitler säin Drëtt Räich, mee déi Ausdréck, déi een net gebraucht, jäizen heiandsdo méi haart, wéi déi, déi ee gebraucht.

Den Episod geet schliisslech aus wéi dem Belvaux säi Film: Chez nous aussi geheit de reputéierten Deputéierte Kartheiser de blannen Thein aus der Partei, déi sech genee wéi dem Marine Le Pen säi Front National dediaboliséiere wëllt. Iwwregens huet de Lucien Welter, dee mat senger Petitioun 698 fir d'Opwäertung vun eiser Lëtzebuerger Sprooch kämpft, dem Joe Thein op Facebook seng Sympathie erkläert. Hien ass viru kuerzem der ADR bäigetratt. Abee, mat esou Frënn brauch de Gast Gibéryen geschwë keng Feinde méi, mee en hätt sech misse besser renseignéieren bei den Ex-Geheimdéngschtler, vun deenen et jo anscheinend eng ganz Partie a senger Partei gëtt.

- - - - -

VUM DANIEL RINCK krute mer um Freideg den Owend dës Reaktioun op e Commentaire vun engem Lieser ënnert dëser Carte blanche:

Gudde Owend ech hunn bei dem Här Rauchs sengem ADR Kommentar en Artikel vum Den_Emile gelies wou esou vill Falsches iwwert eisen Groupe Neiwahlen geschriwwen ginn ass dass mir der Meenung sinn dass dat net gëtt an richteg gestallt muss ginn,

Merci vir Verëffentlechung elo schonn

- - -

Droit de Réponse un Den_Emile

Ech erlaben mir als Admin vum Groupe Neiwahlen Dem_Emil ze Äntwerten an verschiddenes richteg ze stellen.

Den_Emile

Wéi eng Argumenter hutt dir fir eise Facegroupe Groupe "dubiéis" ze nennen? Kennt der iech do erklären?
Sidd dir dran? Well et ass en geschlossenen Groupe an wien net Member ass kann och näischt do liesen.
Den Groupe ass aus deem Grond geschlossen well mir dann Artikelen wëllen Artikelen liesen éiert mir se fräischalten an esou vermeiden kennen fir riets oder lénks Radikal Gruppéierungen eng Plattform ze ginn, oder soss extrem Grouppen.
Den Groupe Neiwahlen an LBP sinn 2 verschidden puer Schong an hunn näischt mateneen ze dinn.
LBP ass als Partei ugeduecht ginn awer deen Projet läit schonn laang op Eis well Grënnungsmemberen der Meenung waren dass et nach net un der Zäit ass, ergo mat der Petitioun vum Här Welter awer och guer näischt ze dinn hunn.
Neiwahlen hunn dem Här Welter seng Petitioun ënnerstëtz an mir géifen dat ëmmer erëm maachen.
Neiwahlen huet sech och net mam Här Welter iwwerworf, mee zu deem Moment wéi den Här Welter Member beim ADR ginn ass eis zeréckgezunn well Neiwahlen kenger Politescher Partei nosteet an onofhängeg ass.
Léiwen Den_Emile ech muss iech lieder den Virworf maachen dass der entweder schlecht informéiert sidd oder awer är Fantasie en schlechten Gefalen gemaach huet
Hei wat mir eisen Memberen geschriwwen hunn:
Léif Frënn/dinnen
Petitioun vum Lucien Welter:
Den 16 Januar ass et esou wäit dann ass den RDV an der Chamber an wéi der wësst sinn mir vun Neiwahlen mat dobäi fir den Här Welter an seng Petitioun op der Platz aktiv ze ënner stëtzen.
Mir hunn eis d'Méi gemaach déi vill Kommentaren zu den Artikelen déi hei bei Neiwahlen am Kader vun der Petitioun ze liesen waren , an sinn, bëssi ze analyséieren an mir denken dass mir dat heiten kennen soen:
Knapp zesummegefaasst spigelt et genau dat erëm zu deem mir stinn an vun Ufank un gestanen hunn,
Neiwahlen steet zu:
Lëtzebuergesch als éischt Amtssprooch
Méi Lëtzebuergesch an den Schoulen
Lëtzebuergesch als Integratiounssprooch
Lëtzebuergesch muss am Alldag méi gefërdert ginn, méi zougänglech gemaach ginn och aus Respekt virun eisen auslänneschem Matbierger, dofir muss vum Staat méi an Sprooch investéiert ginn. Et besteet och keen Grond dass beim aktuellen Lëtzebuergeschen net och nei Wierder kennen dobäi kommen.
Eis 2 aner Amtssproochen dierfen op guer keen Fall dévaloriséiert ginn, et dierf keen Amplaz ginn, Méisproochegkeet muss weider gefërdert ginn, an mir sinn och dofir dass en Aktiounsplang soll ausgeschafft ginn fir Englesch méi present ze maachen, schonn eleng fir d'Chancen um Aarbechtsmarché ze verstäerken. (Awer mir sinn eis bewosst dass dat en anert Thema ass)
En éischten Schratt muss gemaach ginn bei der Iwwersetzung vun Dokumenter, zb Geriichtsuerteeler op Lëtzebuergesch och wann dat als éischten Schratt net automatesch ass, mee op Demande. Fir dat deen Punkt och realiséiert gëtt muss Lëtzebuergesch 1 Amtssprooch ginn.
Dann fir kloer ze stellen:
Neiwahlen vertrëtt just Meenung déi sech elo hei bei den Kommentaren vun eisen Memberen eraus kristalliséiert huet.
Neiwahlen huet näischt mat Nee 2015/2050 ze dinn oder mat hiren rezenten Aktiounen.
Neiwahlen huet och näischt mat aner Gruppen ze dinn wéi Eis Sprooch ASBL, Mat Sproochen Brécken bauen oder soss Initiativen déi elo wéi Pilzen aus dem Buedem sprangen.
Mir sinn onofhängeg an schléissen eis kenger anerer Groupe un, och well mir gären déi eng oder aner Initiativ ënnerstëtzen, an dat all kéiers mat iech zesummen decidéieren.
Fir Neiwahlen ass no der Chamberssëtzung eis Aarbecht gemaach an mir wäerten eis erëm méi (vill méi) mat der aktueller Politik beschäftegen.
Neiwahlen huet och decidéiert dass mir keng Petitioun méi aktiv ënnerstëtzen déi net, éiert se eran gereecht gëtt, mat eis beschwat gëtt.
Déi Diskussiounen bei dëser Petitioun loossen eis keng aner Wiel.
Wann een eng Petitioun lancéiert huet kann en se roueg bei eis posten mee mir ginn keen Avis eraus.
Mir soen iech vill mools Merci fir äert Versteesdemech.
Nadia, Vivi, Mireille, Daniel
Merci RTL fir Verëffentlechung vun dëser Richtegstellung.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.