Carte Blanche vum Patrick MichaelyD’Sammlunge sinn d’Réckgrad vun all Musée

Curatéiert Sammlunge sinn dat eigentlecht Réckgrad vun all Musée. De Patrick Michaely rappeléiert a senger Carte Blanche, firwat se esou wichteg sinn.

Carte Blanche Patrick Michaely



Ufangs Mee maachen déi nei Dauerausstellungen am ëmgedeefte Lëtzebuerg City Museum dem Public erëm hir Dieren op, e bëssi méi spéit – no bal zwee Joer Fermeture - dann och déi am ‘natur musée’. D’lescht Woch goufen d’Pläng fir de längst iwwerfällegen Ëmbau vum Resistenzmusée zu Esch der Ëffentlechkeet presentéiert. D’Institutioun Musée als wichtegen Acteur vun der Kultur ass erëm am Gespréich an dat ass och wichteg an dësen Zäite vun alternative facts, d’autant plus, datt an dësem Joer d’Thema vum Internationale Muséesdag den 18. Mä “Musées et histoires douloureuses : dire l’indicible dans les musées” heescht an domat déi wichteg Roll vun de Muséeë beliichte soll ginn, duerch d’Mediatioun an déi duergestallte Pluralitéit vu Points de vuën och traumatesch Erliefnësser aus der Mënschheetsgeschicht ze verschaffen.

Mediatioun an Duerstellung fënnt hautdësdaags an de Muséeën an de meeschte Fäll am Kader vu publikumswierksamen Ausstellungen statt. Dobäi gëtt awer oft vergiess, datt dat eigentlech Réckgrad vun de Muséeën hir Sammlunge sinn. Ouni si géif et am Prinzip och keng Ausstellunge ginn, vu Fuerschung net mol ze schwätzen. Wëssenschaftlech curatéiert Sammlunge ginn allerdéngs net ëmmer esou wäertgeschätzt, wéi se dëst eigentlech verdéngt hätten. Grad naturhistoresch Kollektioune gerode sou an dëser Zäit vun enger profitorientéierter Technoscience, déi séier Resultater brauch, ëmmer méi ënner groussen Drock.

Lescht trauregt Beispill an dëser Serie vun engem liichtfankegem Ëmgaang mat wäertvollem Patrimoine ass d’Sammlung vum naturhistoresche Musée vun der University of Louisiana an den USA, där hir Conservateure viru kuerzem vun der Universtéitsféierung nogeluecht kruten, a Rekordtempo – d’Ried war vun 48 Stonnen – eng nei Plaz fir hir Sammlung ze fannen, fir esou endlech Plaz fir nei Traininsméiglechkeete fir d’Liichtathletiksequipe vun der Uni ze fannen. Ëmmerhin handelt et sech ëm 6 Millioune Specimenen, virun allem eng impressionant an eenzegaarteg Sammlung vu Fësch a Planzen.

Fësch, wat ass dann dorunner eenzegaarteg?, denkt Dir Iech elo vläicht. Verdréchent Planzen? Dat bréngt jo jidweree fäerdeg. Wäit gefeelt!

Naturfuerscher liewen, schaffen an denken an der Géigewaart. Si identifizéiere Problemer a bedreiwe Feldfuerschung, fir Léisunge fir d’Zukunft ze fannen. Problemer ginn doduerch geléist, datt gewëss repetitiv Musteren iwwer e puer Saisonen um Terrain detektéiert konnte ginn, e Schnappschoss an der Zäit souzesoen.

Mä heiansdo mussen och Vergläicher tëscht heitegen Ëmweltbedingungen an deene kënne gemaach ginn, déi viru Jorzéngten, Jorhonnerten, oder souguer Jormilliounen existéiert hunn. Dat wat am Raum doduerch méiglech ass, datt ee sech vun enger Plaz op déi aner beweegt, geet an dësem Fall ouni eng Zäitmaschinn nëmme ganz schlecht.

Glécklecherweis hu mir esou Zäitmaschinnen: Muséessammlungen nämlech. Zënter eng Rei vu Jorhonnerten hunn Naturfuerscher d’Kontinenter duerchlaf, Fauna, Flora, Steng a Fossilien beschriwwen a gesammelt. Dës Specimene sinn duerno katalogiséiert ginn a ginn zënterhir an enger Onzuel vun naturhistoresche Sammlunge ueschter d’Welt conservéiert. Si si souzesoen onst Gediechtnes vun der Natur an eng onendlech Informatiounsquell iwwer d’Biodiversitéit am Laf vun der Zäit. Vun där sollen och nach déi zukünfteg Generatioune profitéieren däerfen, fir d’Geschicht vun der Natur an domadder och hir eege besser verstoen ze kënnen.

* De Patrick Michaely ass vu Formatioun Biochemiker an am Naturmusée responsabel fir Ëffentlechkeetsaarbecht a Kommunikatioun.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.