Carte Blanche vum Robert UrbéDen 1,1 Millioun-Awunnerstaat?

Säit 2015 attestéiert Eurostat Lëtzebuerg, 2060 en 1,1 Mio Awunnerstaat ze sinn, elo säit Enn Februar 2017 ass déi Zuel op ronn 993 Dausend zréckgefuer ginn, mee domat sinn déi fundamental Froestellungen nach keng anerer ginn, seet a senger Carte blanche de Robert Urbé, Porte-parole vu Caritas Lëtzebuerg.

De 7. November bei enger Presentatioun um Belval iwwer di territorial Entwécklung vu Lëtzebuerg huet den Nohaltegkeetsminister d’Diskussioun ëm den 1,1-Mio Awunnerstaat als eng “Phantomdiskussioun” bezeechent, mat där een nëmme géif Angscht maachen. Et ass natierlech hei sou, wéi bei sou villem: et kann een et sou oder sou gebrauchen. Mat der Angscht, an dermat datt keen eng verlässlech Virausso op méi wéi 40 Joer maache kann, huet de Minister sécher Recht. Mee: et ass awer kee Phantom, et ass ganz real! An d’Diskussioun dodriwwer huet keen hier opgedrängt, mee déi huet d’Regierung, an zwar souwuel déi viregt wéi déi heiten, selwer ze veräntwerten.

24/04/2017 Carte Blanche Robert Urbé

Bei der Rentereform 2012 huet d’Regierung (déi deemoleg) hir Zuelen op engem Zeenario vun  engem Wuesstem vun 3% bis 2060 opgebaut: dat huet awer als Resultat 1 Millioun Awunner a méi.

A genau sou huet d’Regierung am Abrëll 2016 fir de Budget 2017 dat mëttelfristegt budgetäert Objektiv vun engem strukturelle Budgetiwwerschoss vu +0,5% beim Gesamtstaat op een Defizit vu -0,5% erofgesat, wat de Spillraum bruecht huet fir d’Steierreform, ouni dat budgetäert Zil ze verletzen. An och déi Verännerung vum budgetären Objektiv berout op den Zuele vun der demografescher Entwécklung.

D’Regierung huet sech also mindestens zwee mol op dat sou genannte “Phantom” vum 1,1 Mio-Awunnerstaat gestäipt, fir hir Politik ze begrënnen. Da soll se lo net soen, dat wier eng Phantomdiskussioun!

A béide Fäll mécht d’Regierung, wéi wa si net dofir kéint, datt et zu sou enger Bevëlkerungsentwécklung kënnt, datt si dat als virausgesat ze akzeptéieren huet an hir Politik kann dorop opbauen. Ofgesinn dervun, datt sech dann zumindest Gedanken ze maache wieren, wat dat heescht a mat sech bréngt, a wat fir Mesuren een da misst ergräifen, fir dat Schlëmmst u Konsequenzen ze verhënneren, stellt sech méi eng fundamental Fro.

Wëlle mir iwwerhaapt an esou engem Staat liewen? Oder: Kann eist Land dat verkraaften? Déi Fro misst mol breet gestallt an debattéiert ginn, an da sollt et zu enger Decisioun kommen. An da misst des Decisioun derzou féieren, datt an alle Beräicher lo schonn op dat Zil hi geschafft géif.

Wann z.B. Experten eis soen, datt mer guer net genuch Waasser hei am Land hunn, fir sou vill Leit, sollte mer da soen, bon da gi mer dat och nach bei eis Nopere sichen, oder sollt dat net éischter derzou féieren, datt mer eis Grenze fir de Wuesstem setzen? A misste mer dann net all eis Politiken, vun der Verkéiersplanung iwwer d’Reform vun de Sozialsystemer, de Schoulausbau bis zu de Promotiounsreese vum Wirtschaftsminister alleguer - an zwar elo schonn - sou ausriichten, datt se deene Wuesstemsgrenze Rechnung droen?

Statt zukünfteg Entwécklunge passiv zur Kenntnis huelen, a se beschtefalls nach fir di eegen Zwecker notzen, léiwer d’Zukunft gestalten, an un der Definitioun, wéi di Zukunft ausgesi soll, d’Bevëlkerung bedeelegen: dat wier eng nohalteg Politik! Loosse mer hoffen, datt déi vum Nohaltegkeetsminister, allerdéngs eréischt fir 2018, also mat Verspéidung, geplangten Aarbechtsgruppen e Wee an déi Richtung brénge wäerten.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.