Carte Blanche vum Tom Bellion"The sky is the limit, isn't it?"

Wann een Iech géif froen, op wéi enger Plaz da Lëtzebuerg an der Hitparad vun der touristescher Kompetitivitéit vun 136 Länner géif leien, wat géif Dir dann äntweren? Plaz 1, 68 oder 136? Abee, da wonnert Iech mol! Mam Tom Bellion a senger Carte Blanche "The sky is the limit, isn't it?"

Dir sidd dach bestëmmt och schonns am Ausland mat Leit an d'Gespréich komm. Da sidd Dir bestëmmt gefrot ginn, wat Lëtzebuerg ass.

26.04.2017 Carte Blanche vum Tom Bellion

Ech wetten, dass déi meescht vun Iech ugefaangen hu mam Saz : "Lëtzebuerg ass ee ganzt klengt Land, matzen an Europa, an et läit tëscht Däitschland, Frankräich an der Belsch." A méi spéit am Gespréich hutt Dir nach drop higewisen, dass mir deen eenzege Grand-Duché op der Welt sinn, an dass déi geografesch Fläch vum Land méi wéi iwwerschaubar ass.

Mat der Initiativ Nation Branding hu mir eis op de Wee gemaach, fir eis anescht dobaussen duerzestellen.

An dat ass och gutt esou.

Dat gëtt eis nämlech Geleeënheet, fir eis Kommunikatiounsmusteren ze iwwerdenken, eis Stäerkte vill méi an de Virdergrond ze stellen an déi eng oder aner Success Story ze bréngen. An der hu mer. Ganz vill!

Mir hunn Ursaachen a vill gutt Argumenter fir anescht opzetrieden an eisen "Pitch", also eise Message, anescht ze formuléiere wéi bis elo.

Ee puer interessant Donnéeën dozou kann een am leschte Rapport iwwert d'Kompetitivitéit vum Tourismus fannen, deen de World Economic Forum regelméisseg erausgëtt.

Et kéint ee sech virstellen, dass Lëtzebuerg an dësem Ranking vun 136 Länner zimlech wäit hanne géif leien. Dëst well eis Bierger net esou héich si wéi an der Schwäiz, d'Mier net esou blo ass wéi dat op der belscher Plage an d'Sonn sech hei méi oft verstoppt wéi op der Côte d'Azur.

Déi Etude ënnersicht knapp 100 Critèren, déi dozou bäidroen, fir d'Performance am Tourismus vun engem Land ze evaluéieren. An do spillen och aner Facteuren eng Roll, déi éischter allgemenger Natur sinn an net direkt mat der touristescher Branche ze dinn hunn, mä awer de Kader ginn.

Natierlech muss esou eng Analys ëmmer kritesch gekuckt ginn. Déi international Vergläicher a Resultater sollen ëmmer "toutes proportions gardées" betruecht ginn.

An awer brauche mir eis an dësem Fall wierklech net ze verstoppen. Lauschtert mol gutt!

Bei 22 Critèrë si mir an den Top Ten.

An a 4 Gesamtberäicher si mir exzellent positionéiert:

1. Plaz fir international Oppenheet

8. Plaz fir eis generell Infrastruktur

9. Plaz fir Informatik an nei Medien

12. Plaz fir touristesch Infrastruktur

Insgesamt leie mir op der Plaz 28 vun 136.

Duerch Zesummesetzung vun dem Index gëtt ee sech nees bewosst, dass mir gutt dru géifen doen, net ëmmer isoléiert eis Wirkungsfelder, pro Secteur oder Industrie, ze kucken, mä ze versichen, dat Ganzt a globaalt Bild vu Lëtzebuerg am A ze halen.

Mir mussen eis gemeinsam Visioune ginn, och wa se eis am éischte Moment iwwerdriwwe virkommen.

Ech denken, et géif eis gutt doen, wa mir z.B. nach weider Visiounen, wéi déi fréier vun der SES, oder elo vum Space Mining géifen entwéckelen. Doduerch ginn nämlech och aner Acteuren a Secteuren, nieft deenen déi direkt betraff sinn, animéiert fir iwwert sech erauszewuessen.

A genee do läit de Schlëssel fir eis international nach besser ze positionéieren.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.