Carte Blanche vum Paul HammelmannPresidentewahlen a Frankräich: En 3. Tour weg!

Éischt Reaktiounen „à chaud“ e Méinden de Moie vu Lëtzebuerger Politiker op dëser Antenn no dem 1. Tour a Frankräich – den Alex Bodry schwätzt vun engem „discours creux“ vum Emmanuel Macron, de Jean Asselborn gesäit Frankräich a véier gespléckt – strotze vun Desillusioun an Enttäuschung.

Jo, den Emmanuel Macron huet manner Programm wéi meng Wäschmaschinn an trotzdem musse mer hien am 2. Tour ënnerstëtzen, fir eng Le Pen ze eliminéieren, do si mer eis eens.

Mee wat hate mer da fir e Choix beim 1. Tour?

Mélenchon, Macron, Fillon, Hamon, … Bidon, Melon … do feelt eigentlech just nach de „grand con“.

Ah nee, deen ass jo do, ënnert dem sigle “Front (national)”, bei eisem esou bescheidenen Noper, der “Grande Nation“.

28/04/2017 Carte Blanche Paul Hammelmann

Am Verglach zu dëse Kandidature luewen ech mer de Ferdinand Lop, deen 1939 mat an d’Wahle goung mat Fuerderungen, wéi en Tapis roulant fir Trottoirsmeedercher, eng Rent fir d’Wittfra vum onbekannten Zaldot, d’Ofschafe vum leschte Waggon am Metro an d’Erofsetze vun der Schwangerschaft vun 9 op 7 Méint.

Mee loosse mer d'Satire op der Säit, well d'Zäite sinn net fir ze laachen.

Bal all Kandidaten am 1. Tour hu sech ëm déiselwecht Dokterin beméit, déi een am treffenste mam Qualifikant „National Liberalismus“ beschreift, dat heescht Liberalismus fir déi Räich, Nationalismus fir déi Aarm.

Dës ekelhaft Ideologie kenne mer jo ewell ausgibeg vu Leit wéi Erdogan an der Tierkei, Kaczyήski a Polen, Orban an Ungarn an natierlech dem Trump an Amerika, de Bonux Cadeau vum Kapitalismus schlechthin.

Frankräich huet jo laang schonn déi ongesond Tendenz, den Auslänner d'Schold un hirem Misär ze ginn.

Esou gouf 1983 e Gesetz gestëmmt wat Net-Fransousen obligéiert, sech all Moment musse kënnen auszeweisen.

Wéi dat Gesetz applizéiert muss ginn, huet den Tribunal de Grande Instance vu Versailles preziséiert.

Zitat: «Un contrôle est légitime face à un individu susceptible de par son aspect, son comportement, sa tenue vestimentaire, voire sa diction (sa diction !), de ressortir d’une nationalité étrangère ».

Dat war ënnert dem sozialistesche President François Mitterrand!

Mir ginn also rosegen Zäiten entgéint.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.