Carte Blanche vum Justin TurpelD’SES vu Betzder an d’Geschäft mam Drone-Krich

Mécht de Lëtzebuerger Staat Geschäfter mam Doutmaache vu Mënschen? Déi Fro stellt sech de Justin Turpel, fréieren Deputéierten an Aktivist fir Mënscherechter a sozial Gerechtegkeet, a senger Carte Blanche vun haut.

Nee, ech schwätzen haut net iwwert franséisch Wahlen – dat maachen ech an enger Stellungnahm op mengem Blog. Ech wëll dës Carte Blanche notzen, fir op eppes opmierksam ze maachen, wat mech scho laang stéiert, a wou et mech wonnert, datt dat bis elo nach net a Fro gestallt ginn ass – an zwar d’Bedeelegung vun der SES, der Europäescher Satellittegesellschaft vu Betzder, beim Doutmaachen vu Mënschen duerch Dronen.

Am sou genannte „Kampf géint den Terror“ setzt d’amerikanesch Arméi Dronen an, déi iwwert d’Satellitte vun der SES gesteiert ginn, fir sou Terroristen, déi op der amerikanescher „Kill-List“ stinn, ofzeschéissen. Dat geschitt net nëmmen ouni Geriichtsuerteel, mee dobäi kommen dausenden vun Zivilisten, dorënner ganz vill Kanner, mat ëm d'Liewen. Deen Drone-Krich ass net nëmme kontraproduktiv, mee e verstéisst an allen Hisiichte géint d‘Genfer Konventioun, déi nom 2. Weltkrich gemaach gouf, fir ënner anerem d’zivil Bevëlkerung während Kricher ze beschützen.

Dat mer ons richteg verstinn: et geet mir iwwerhaapt net drëms all Aktivitéiten vun der SES ze verdäiwelen. Villes wat mat Satellitte gemaach gëtt, ass eng gutt Saach a souguer ganz hëllefräich fir vill Mënschen op der Welt. D’Iwwerdroe vun Telefonsgespréicher an anere Kommunikatiounen, grad sou wéi vum Internet a Fernsehsbiller, bis hin zur Kommunikatioun an Noutstandsgebitter: alles dat sinn Aktivitéiten vun der SES, déi séier nëtzlech sinn.

Mee awer och Dronen, déi Mënschen ëmbréngen, ginn iwwer d’SES-Satellitte gesteiert.

An déi SES gehéiert – zesummen mat der Spuerkeess an der nationaler Investitiounsgesellschaft – dem Lëtzebuerger Staat.

A bis elo huet kee Vertrieder vum Staat am Verwaltungsrot sech dergéint gewiert, datt iwwert SES-Satellitten Dronen gesteiert ginn, déi Mënschen ëmbréngen. Schliisslech ass dat ee gutt Geschäft, mat deem vill Sue verdéngt ginn …

Leider ass dat net déi eenzeg Aktivitéit vun ëffentleche Betriber oder Betriber, un deenen de Staat bedeelegt ass, mat där géint Mënscherechter oder gülteg international Konventioune verstouss gëtt: den ëffentleche Lëtzebuerger Pensiounsfong investéiert nach ëmmer a Firmaen, déi d‘Klimaschutzofkommes vu Paräis net respektéieren; an den Zukunftsfong ënnerstëtzt souguer Betriber, déi hir Geschäfter mat Streebomme maachen!

Dobäi froen ech mech, wéi laang nach gutt bezuelte Funktionären als Vertrieder vum Staat an esou Verwaltungsréit sëtzen, ouni datt si drop halen, datt déi Betriber Mënscherechter an international Konventiounen, déi Lëtzebuerg ënnerschriwwe huet, respektéieren?! Hu si iwwerhaapt Zäit, fir sou ee wichtegen Job, quasi niewelaanscht, nieft hirer eigentlecher Aarbecht, ze maachen? Oder dinn déi héich Indemnitéite si vergiessen, datt si do eng Opsiichtspflicht hunn?

Et gëtt Zäit, datt de Staat, d’Chamber, grad sou wéi d'Regierung an hir Vertrieder an de Verwaltungsréit, net méi zouloossen, datt ëffentlech Betriber oder Betriber mat staatlecher Bedeelegung géint gültegt Recht, Konventiounen a Mënscherechter verstoussen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.