Carte Blanche vum Alain WagnerDe Phormio-Phänomen

Viru Kuerzem huet den amerikanesche President Donald Trump missen zouginn, säin Amt wier awer net esou evident, wéi hie sech dat virgestallt hat. Theorie a Praxis sinn eben zwee puer Schong, an aus der Distanz wierkt villes méi einfach. E Phänomen, deen am Fong esou al ass wéi d’Mënschheet. Dozou e puer Iwwerleeunge vum Alain Wagner.

Vum karthagesche Feldhär Hannibal gëtt erzielt, e wier a sengem Exil zu Ephesus eemol invitéiert ginn, sech e Virtrag vun engem eminente lokale Philosoph unzehéieren. Wéi den Zoufall et wollt, huet dëse Philosoph, e gewësse Phormio, grad deen Dag stonnelaang iwwer d’Aufgabe vun engem Generol dozéiert. Dësen Optrëtt huet den Hannibal folgendermoosse kommentéiert: « Ech hunn, sot en, a mengem Liewe scho vill Unikume begéint, mee deen do iwwertrëfft alles. »

Carte Blanche vum Alain Wagner



D’Moral vun der Geschicht läit op der Hand. De Phormio ass de Prototyp vum naiven Theoretiker, deen héichtrabend Rieden iwwert e Beräich hält, an deem e glat a guer keng  praktesch Erfahrung huet. An den Hannibal, deem seng taktesch Finessen anscheinend haut nach a verschiddene Militärakademië studéiert ginn, huet et zimlech bosseg fonnt, datt grad hie vun esou engem Braddeler sollt beléiert ginn.

« Phormioen » gesäit een hautdesdaags a ville Beräicher. En éischter harmlost Beispill ass nach de Sport. Do ginn et op der Tribün oder virun der Tëlee onzieleg Experten, déi ganz genau mengen ze wëssen, wéi de Spiller flanken, den Trainer auswiesselen oder den Arbitter päife soll. Mat engem Glas Béier am Grapp wierkt eben alles e bësse méi liicht.

Och d’Schoul ass eng regelrecht Spillwiss fir esou Leit. Am Enseignement ass am Laf vun de Joren en theoretesche Waasserkapp erugezillt ginn, deen ëmmer weider wiisst.            Do gëtt permanent expertiséiert, pilotéiert, evaluéiert a konzeptualiséiert – an dat alles a sécherer Distanz zum Klassesall. Natierlech ass et wouer, datt d’Schoulhalen sech net op e puer Kicherezepter beschränke soll an dowéinst e reflexive Kader brauch. Allerdéngs muss een oppassen, datt um Enn de Kader net méi grouss ass wéi d’Bild, dat soll encadréiert ginn.

Regelrecht geféierlech gëtt de Phormio-Phänomen awer an der Politik, wou en oft e Symptom vu bëllegem Populismus ass. E krasst Beispill ass de briteschen Euroskeptiker Nigel Farage, dee virum Referendum iwwert de Brexit de Leit dat Blot vum Himmel versprach huet, duerno et awer virgezunn huet, den Challenge vun der Praxis ze vermeiden. Kritiséieren an Téinen ass eben ëmmer méi bequem, wéi reell Responsabilitéiten z’iwwerhuelen.

Dës Erfahrung huet mëttlerweil och den Donald Trump gemaach, dee kierzlech zouginn huet, et wier awer alles net esou einfach. Vum Meeschter vun de « fake news » ass esou eng offen Ausso erstaunlech – mä net rassurant. Grad an dësen Zäite bräicht Amerika alles anescht wéi e schwaache President, dee wéi e schlecht virbereete Schüler wierkt, vu politescher Praxis wéineg Ahnung huet an e Spillball vu senge Beroder ass.  Zum Hannibal senger Zäit war de Phormio just e schrullege Philosoph, deem ganz sécher keen eng Arméi uvertraut hätt. Haut wunnt de Phormio am Wäissen Haus, befënnt iwwer Syrien oder Nordkorea an huet d’Hand um Atomknäppchen.   

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.