Carte Blanche vum Gilles HempelProfitorientéierte Leerstand a Landbanking

Den Gilles Hempel, Soziolog an Direkter vun der Agence Immobilière Sociale beschäftegt sech haut a senger Carte Blanche mat zweifelhafte Praktiken um Immobilienmarché, déi scheinbar ëmmer méi populär ginn.

Carte Blanche vum Gilles Hempel



Laut enger Etude vum Logementsministère ginn et hei am Land bal 1000 Hektar Baulücken, also 1.000 Hektar Land matten am Bauperimeter wou direkt kéint drop gebaut ginn. 95 Prozent dovun sinn awer an der Hand vu private Spekulanten. An déi hunn keen Interêt dorun, dat Land ze verkafen, fir dass do kënne Wunnengen drop gebaut ginn. Op der Bank kritt een am Moment nämlech keng Zënsen.

Déi räich Leit wëssen, dofir och insgesamt net méi wouhi mat hirem ville Geld. A well Geld sech jo scheinbar muss vermehren, zu ëmmer an ëmmer méi. Dofir gëtt elo och ëmmer méi an den Immobiliëmarché investéiert.

A priori kéint ee sech jo doriwwer freeën. Et gi jo dausende Wunnenge gebraucht.

Mee wa privat Kapital an Immobilien investéiert gëtt, dann entsteet dobäi awer net zwangsleefeg ëmmer neie Wunnraum. Wéi ass dat ze verstoen? Ma ëmmer méi Leit, déi Geld ze vill hunn, investéieren dat carréement an de Leerstand.

Si kafen z.B. Wunnenge fir se ganz bewosst während 10 Joer eidel stoen ze loossen an se duerno mat Gewënn als première occupation rëm zeverkafen. Bei de steigende Präisser hei zu Lëtzebuerg ee séchert a profitabelt Geschäft.

Ëmmer méi populär gëtt och de sougenannte Landbanking. Dat ass ee Businessmodell, wou Bauland als laangfristeg Kapitalanlag genotzt gëtt. Hei keeft een Investisseur ee Grondstéck am Bauperimeter, fir et ganz bewosst net ze bebauen. Mee fir et während Joren oder Joerzéngte brooch leien ze loossen. An et dann iergendwann mat vill Benefice erëm ze verkafen. Doduerch, dass dat Bauland dem Wunnengsbau virenthale gëtt, kënnt et zu enger zousätzlecher Verknappung um Immobilienmarché, wat d’Präisser nach méi a Luucht dreift.

Mir mussen eis als Gesellschaft froen, ob mir sou Praktiken wëllen toleréieren. Ob mir et kënnen zouloossen, dass eng kleng Finanz- an Immobilienoligarchie sech op Käschte vun enger ganzer Bevölkerung beräichert.

Wou huet d’Fräiheet vum Proprietaire seng Grenzen?

Et gouf Zäiten do huet de Staat als sougenannten Nachwächter missen den Eegentum vu senge Bierger beschützen. Haut muss de Staat seng Bierger virun der Gier vu sengen Eliten beschützen? An dat ganz besonnesch am Logement.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.