Carte Blanche vum Paul KremerMacron

Wéi ass et elo? “Alles neu macht der Mai” oder Beethoven viru Mozart bzw. “D’Ode an die Freude” aplaz “d’Marseillaise”?

Also: weider wéi gehat – oder awer: en neien Ufank? – Wa mer mol eng Kéier optimistesch wëlle sinn, gi mer dem neie President seng Chance a soen: “Allez, en marche!”

Carte Blanche vum Paul Kremer

An zwar: Richtung Berlin. Well do, a Groussdäitschland, mat Kanzlerin a Schäublerich, läit Macht a Mënz. A Frankräich, wou mol Gott doheem war, brauch a bréicht ee béides. Oder mol e Schubs an déi richteg Richtung.

Well Kaddoe maache weder eng eise Kanzlerin, nach e steenhaarde Schäuble. An däitsch Steierzueler berappe weder lo nach muer fir hallef mediterran Scholden. Also: egal wéi: Äddi fir luesseg Euro-Bongen, wou déi Fläisseg fir déi Midd bezuelen – sou unisono a Bayern an uleiende Gebidder.

A Frankräich gi lo schonn d’Stroosse gekiert fir prett ze sinn, wann éischt Protestmärsch géint de Senkrecht-Starter sech waarm lafen.

Domatt wiere mer da schonn um Enn vun enger séier verflunnener Euphorie. A Pech fir Latinoen, a sief et grouss-gallescher...

Et sief dann, d’Preisen hätten de Le Pen-Duerchzuch gespuert. Wëll soen: a 5 Joer – eng Presidentin? – Oder wier et net dach méi zolidd, wa scho net: méi “zolidaresch”, wa Berlin Paräis ënnert d’Äerm gräife géif, fir e Kär-Europa dach nach op d’Been ze setzen. De Macron ass schliisslech vun alle 5. Republik-Presidenten bei Wäitem dee Gewëtzten.

Sou wéinstens gesi mir et, mat eisem Premier, dee sech do, kann ee soen, net iert. Lëtzebuerg tëscht besoten zwee Noper gequëtscht, kéint nees, wéi soss sou dacks, den éierbare Makler spillen.

A wann een, op der Seine oder hannert Rhein an Elbe “par impossible” net wéisst, wouhi mam ville Geld, da kënnte mir deem eng Hand dobäi mat upaken.

Paul Kremer

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.