Carte Blanche vum Jean-Luc ThillVum Hung a vum Ee

De Problem vum Hung a vum Ee– oder en anere Bléck op d’Geschäft vun der Politik. Dozou eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.

Carte Blanche vum Jean-Luc Thill



Datt et dem Modell vun Demokratie – egal op international oder europäesch - net besonnesch gutt geet ass an der Lescht net schwéier fest ze stellen: ugefaange bei Staaten deenen hier Keese schonns Joerzéngten eidel sinn, ouni dat Vollek dat soll gemierkt hunn, bis bei Länner wou demokratesch Strukturen sou gutt sinn, datt permanent Reformbedarf besteet. Guer net ze schwätze vun den dausende vu Mënschen, déi op den europäesche Grenzen optauchen an un eis Diere klappe fir eragelooss ze ginn. Mir sinn zwar gewinnt Leit mat vill Misär an Europa opzehuelen, virausgesat de Misär besteet doranner, datt dës Hickecht net sou richteg weess wouhi mat all hirem Geld. Besteet de Misär awer einfach doranner datt an der Heemecht vun dëse Mënsche Liewen duerch Kricher oder soss Konflikter onméiglech ginn ass, fir dee Misär schénge mer kee richtege Plang ze hunn. D’Rechnung léisst och net laang op sech waarden: do iwwer heescht se Trump – heiheem Brexit an ob de Macron dat hale ka wat e versprécht léisst beim Export-Weltmeeschter, also bei eisem däitschen Noper, déi éischt Schweesspärelen iwwert Stir lafen.

Engersäits also Politiker déi net agesinn, datt déi Schwieregkeete vun haut oft d'Friichte vu genau där Politik - also hirer eegener – sinn; an anersäits d'Bierger deenen et ze laang ze gutt gaangen ass fir kritesch a vigilant ze bleiwen – nom Motto: wann d'Revolutioun hir eege Kanner frësst.

Sou schéngt dat anzetriede wat de Lyotard schonns viru 35 Joer a sengem Rapport iwwert déi postmodern Konditioun ugekënnegt huet: an zwar, datt sech lues awer sécher kee méi fënnt deen all déi schéi Geschichte gleeft, déi soss eis Institutiounen, eis politescht a moralescht Handele jo eis ganz Gesellschaftsstruktur legitiméiert hunn.

Dat mat der Wourecht war jo och nach ni en einfacht Geschäft a virun allem kee kamoud – do ass dem Johannes seng Ausso datt et sech mat der Wourecht besser liewe géif nëmmen e schwaachen Trouscht.

Sou schéngt et wann souwuel aus de fréiere Botterbierger a Mëllechséien, wéi och aus der aktueller Flüchtlingsproblematik an dem politesche Rietsruck een Héngerstall gi wier, wou jidderee kuckt zu sengem Kär ze kommen a virun allem keen Ee méi ze léien, a schonns guer kee Fault. A wann d'Hénger bis net méi un hir eegen Eeër gleewen dann ass et och egal wat fir d'Éischt do wär an et kann een sech d'Fro stellen op en net besser hätt vun der Katz ze schwätzen, déi sech selwer an de Schwanz bäisst? Wéi sou eppes kann ausgesi wor des lescht iwwerschriwwe mam Titel "Liewensqualitéit fir Lëtzebuerg" – eng Ried iwwert d’Lag vun der Natioun an zwee Uleef.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.