Carte Blanche vum Marc MullerOrientatioun am Zäitalter vun der 3. industrieller Revolutioun

D'lescht Woch gouf an der Chamber den Gesetzesprojet zur Reform vun der Maison de l’orientation gestëmmt an am Hierscht geet an zwee Lycéeën déi nei Informatiksektioun I un de Start. Wat dës zwee Theme verbënnt a wat feelt, dat verréit a senger Carte Blanche den Economist Marc Muller.

Carte Blanche vum Marc Muller (17. Mee 2017)



Engersäits geet aus Etüden ervir, datt eis Schüler grouss Orientatiounsproblemer hin, wa si, op 9e, resp. 4e hir Fachrichtung oder Sektioun am Lycée wiele sollen an och, wann et op 13e, resp. 1re, heescht sech fir e Studium op enger Héichschoul ze entscheeden. Anerersäits ass d’Schafe vun der neier Informatiksektioun-I am Enseignement Secondaire endlech och zu Lëtzebuerg de schoulpoliteschen Ausdrock dovun, datt eng digitaliséiert a robotiséiert Welt eist d’Zesummeliewen a besonnesch d’Beruffswelt dramatesch verännere wäerten.

Vun dëse wirtschaftleche Verännerunge kréien déi Jonk awer kaum eppes mat, well hinnen dat néidegt ekonomescht Wëssen iwwert de Wirtschaftskreesslaf an d’Wirtschaftsakteure feelt. Kréichen d‘Schüler ekonomesch Basiskenntnisser vermëttelt, da wier hiren Interessie u Wirtschaftsnoriichte méi grouss, si wiere besser informéiert a kéinten hir Chancen an der zukünfteger Beruffswelt besser notzen. Dëst och zum Virdeel vun de Lëtzebuerger Entreprisen, deenen et ëmmer méi schwéier fält, dat passend qualifizéiert Personal heiheem ze fannen.

Mä Dir, als Elteren, wësst Dir wéi eng Beruffsbilder riskéieren ze verschwannen a kennt dir d‘Wirtschaftsclustere mat deenen d’Lëtzebuerger Regierung de Wuesstem an d‘Aarbechtsplaze vu muer schafe wëll? A wéi beuerteelt Dir, als Wieler, d’Budgetspolitik vun der Regierung? Hutt Dir, als Konsument, op ärem Hypothéikekredit e variabelen oder e fixen Zënssätz a wat bedeit dat?

Wann Dir op däraart Froe keng kloer Äntwert wësst, da sidd Dir net eleng: Déi grouss Majoritéit vun Erwuessene wënscht sech, si hätte méi wirtschaftlecht Allgemengwëssen, kruten dëst awer an der Schoul net vermëttelt. Datt och haut nach déi allermeeschte Schüler de Lycée ouni dës, fir hiren Alldag noutwendeg, ekonomesch Kenntnisser verloossen, ass ëmsou méi bedauerlech.

Fir hir schoulesch, universitär a berufflech Orientatioun brauchen déi Jonk awer Basiswëssen, iwwert déi ekonomesch Aspekter vun hirer Liewenswelt an z.B. Kenntnis vun den Wirtschaftssecteure mat Zukunft, wéi Informatik, Logistik, life-sciences oder Ëmwelttechnologien, oder och den verschiddene beruffleche Statute wéi Fonctionnaire, Salarié an Independant.

Och fir hir finanziell a politesch Entscheedungen an hirem Privatliewe responsabel treffen ze kënnen, brauchen déi Erwuessen a Wieler vu muer, e Minimum u “culture générale” an Ekonomie a Finanzen. Wat virun 20 oder 30 Joer net noutwendeg war, ass et haut, gëtt duerfir vun der OECD gefuerdert a gouf, z.B., 2011 vun eisem Noper Frankräich duerch d’Aféierung vun engem obligatoreschen Ekonomie-Cours fir all Lycée-Schüler ëmgesat.

An eisen Demokratien dominéieren d’Wirtschaft- an d’Finanzpolitik d’Noriichten an d’Wirtschaft- a Finanzministeren decidéieren zesumme mat Lobbyisten a Multinationalen iwwert de Laf vun der Welt  ... Mä, eng Wirtschaft- a Finanzbildung fir d’Matbierger gëtt et net.   

Héich Zäit also fir der berufflecher Orientatioun am Secondaire an dem generelle Wirtschafts- a Finanzwësse vun eisen zukünftege Generatiounen en noutwendegt an zolidd Fundament ze géissen, andeems obligatoresch Ekonomiescoursë fir all Schüler agefouert ginn: informativ, aktuell, interessant an no um Alldag vun de Leit.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.