Carte Blanche vum Fernand Fehlen"Luxemburger Frage"

Den 11. Mee 1867 ass deen zweete Londoner Vertrag ënnerschriwwe ginn. Eng Geleeënheet fir de Fernand Fehlen*, fir op déi deemoleg Diskussioun iwwer d’Verhältnis vu Sprooch an Nationalitéit zeréckzekommen.

Carte Blanche vum Fernand Fehlen (19. Mee 2017)

Vun 1815 bis 1866 war de Groussherzogtum ee vun deenen ca. 40 däitsche Staaten, déi an enger lockerer Confederatioun, dem Däitsche Bond, associéiert waren. Nodeems dëse Staatebond 1866 un interne Streidereien zerbrach ass, houng d'Schicksal vum Grand-Duché fir e puer Méint an der Loft. An där Zäit ass an der däitscher Ëffentlechkeet hefteg iwwer déi sougenannt Luxemburger Frage debattéiert ginn, ier de Statut vun onsem Land am Londoner Vertrag als eegestännegen an éiweg neutrale Staat confirméiert ginn ass.

An der deemoleger Zäit ass allgemeng ugeholl ginn, datt d'Nationalitéit sech iwwer d'Sprooch definéiere géif. Fir déi däitsch Nationaliste war Lëtzebuerg en däitscht Land, well seng Awunner däitsch geschwat hunn, a si hu sech doriwwer opgereegt, datt d'Lëtzebuerger Regierung hinnen déi franséisch Sprooch antriichtere géif, fir se vun hiren däitsche Bridder ze entfriemen.

Lëtzebuerger, déi sech zu Wuert gemellt hunn, woussten net esou richteg, wat se dësem Doutschlag-Argument entgéint setze sollten, well se selwer iwwerzeegt waren, en däitschen Dialekt ze schwätzen. Dofir hu se alt probéiert, deem seng Eenzegaartegt an Eegestännegkeet ënnert deenen anere germaneschen Dialekter ze betounen. En Argument, dat wéinst der Ähnlechkeet mat den Eifeler Dialekter kaum iwwerzeegt huet.

Lëtzebuerg war deemools op Grond vu senger eegener Geschicht en zweesproochegt Land. Trotz der verfassungsrechtlecher Gläichberechtegung vum Däitschen a Franséische war Franséisch déi dominant Sprooch. Déi däitsch Nationalisten hu probéiert, Protester géint dës Situatioun, zum Beispill géint de Franséisch-Unterrecht an der Primärschoul, déi et am Ländche wierklech gi sinn, fir hiren Zweck ze instrumentaliséieren. Si hu vun enger "Erhebung des Volksbewusstseins gegen die Herrschaft des Französischen", vun engem Opstand géint frankophil Elitten, déi hiert Vollek vun uewen erof als "dumme Deutsche" behandele géifen, gedreemt. Mä domat hu se d'politesch Situatioun total falsch ageschat. Do, wou et esou Protester gi sinn, ware se sozial motivéiert, an et ass zu där Zäit keng politesch Kraaft ginn, déi hinnen, wéi z.B. a Flanderen, eng nationalistesch Stoussrichtung gi wollt. 

Der Argumentatioun vun den däitschen Professoren haten d’Lëtzebuerger nëmmen onbehollef Argumenter entgéintzesetzen. Zum Beispill datt se zwou Mammesproochen hätten. Mä wéi schonn 1815 war et net d'Meenung vum Vollek, mä déi international Muechtkonstellatioun, déi iwwer d'Schicksal vum Land entscheede sollt.

Iwwregens: Vun deenen ursprénglech 38 Staate vum däitsche Bond aus dem Joer 1815 hunn nëmmen zwee bis haut iwwerlieft: Lëtzebuerg a Liechtenstein.

*Fernand Fehlen, Soziolinguist a pensionéierten Dozent vun der Uni Lëtzebuerg

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.