Carte Blanche vum Robert DennewaldEng nei Ausfaart op der Autobunn fir den Logistikzenter Contern?

De Robert Dennewald, Éierepresident vun der FEDIL, schwätzt am Numm vu villen Automobilisten an am Numm vun de Betriber, déi sech am Logistikzenter Contern néiergelooss hunn, iwwert d’katastrophal Verkéierszoustänn um Rondpoint Irgäertchen.

© Chambre de Commerce
Ech gehéieren zu deenen onzählegen Automobilisten, déi sech Dag fir Dag duerch d’Rondpointen Irgäertchen a Sandweiler quäle mussen.

Dat wat sech hei ofspillt war virauszegesinn. Vill grouss Entreprisen hu sech an dem Eck Sandweiler/Contern ugesidelt an d'Regierung huet d’Conterner Industriezone zur Logistikplattform Zentrum ausgeruff. Dat wat mer haut als Verkéieropkommes hunn, ass nëmmen e Virspill vun deem, wat op ons zoukënnt. De liewensgeféierlechen, regelméissege Réckstau op der Autobunn bei der Offaart Irgäertchen, de praktesch chronesche Verkéiersstau an - an zwëschen de Rondpointen ass net nëmmen eng grouss Belaaschtung fir ons Nerven, mä och e grousse wirtschaftleche Verloscht vir all déi Betriber, deenen hir Camione während Stonnen am Stau stinn, ouni vun der onnëtzer staarker, onnéideger Ëmweltverschmotzung ze schwätzen.

Ech sinn der Iwwerzeegung, datt ons Spezialiste vun den Ponts & Chaussées hiert Bescht maache fir de Problem ze léisen. D’Aféierung vun engem sougenannten Turbo-Rond-Point wäert hoffentlech eng Erliichterung mat sech bréngen, och wa mir all mat Grauen der Chantiersphase vun dësem Projet entgéint blécken.

Mir sollen och de Courage hunn iwwert Léisungen, ewéi eng nei Ausfaart op der Autobunn, déi sech technesch relativ gutt maache léisst, an déi de Raum Contern direkt géif bedéngen, nozedenken an dann och kuerzfristeg ze entscheeden.

De Bauteminister huet während senger Amtszäit villes erreecht, wat en net-grénge Minister nimools duerchkritt hätt. Duerfir verdéngt hie vill Luef. Elo geet et awer drëms, fir ausseruerdentlech Problemer ausseruerdentlech Léisungen ze fannen, a wa méiglech nach virun de Chamberwahlen Entscheedungen ze treffen. Mat Turbo- Gepléischters ass der Saach nämlech net gedéngt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.