Carte Blanche vum Astrid LullingLëtzebuerg ass ouni d'EU e Vull fir d'Kaz

An deene leschte Woche gouf et e puer Geleeënheeten, an Europa ze feieren.

1. Enn Abrëll de 60. Gebuertsdag vum Vertrag vu Roum, deen no der  éischter europäescher Kommunautéit fir Kuelen a Stol 1952 déi Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft an d'Euratom 1957 geschaf huet.

2. Den 9. Mee, de Joresdag vun der berühmter Declaratioun vum Robert Schuman, den 9. Mee 1950, deen de Grondsteen fir d'Schafung vun eiser heiteger Europäescher Unioun vun 28 Länner geluecht hat.

Trotz oder grad wéint deene Feiere musse mer eis Suerge maachen ëm d'Zukunft vun deem Europa, an deem mer haut liewen,  dës  E.U. déi nach ëmmer déi éischt Puissance an der Welt ass mat deenen ambitiéiste wirtschaftlechen, sozialen  an ëmweltpoliteschen Standarden.

Millioune Leit verloossen hir Heemechtslänner a maache sech ënner liewensgeféierleche Conditiounen op de Wee, meeschtens illegal, fir bei eis méi sécher a besser liewen ze kënnen, a mir hunn domat vill Problemer.

An deenen 28 E.U.-Länner gëtt et awer ëmmer méi Leit, déi Europa fir hir Problemer verantwortlech maachen a vun der EU kee positiven Image méi hunn.

47% vun de Leit, déi hei am Land wunnen, sollen no deem leschten  Eurobarometer, deen an Optrag vun der Europäescher Kommissioun  erstellt gouf, net méi positiv zur EU stoen.

65% sollen awer nach Vertrauen an d'Zukunft vun der EU hunn. An der ganzer EU sinn dat nach nëmme  50%.

Wéi ass esou eppes méiglech? 

Schold un deem Euroskeptizismus si virun allem riets- a lénksradikal Populisten, déi mat Ligen d'Leit géint  déi europäesch Institutiounen opstëppelen.

Si hunn ëmsou méi Erfolleg, jee besser si et fäerdegbréngen, de Leit hir Roserei vis-à-vis vun der EU ze vergréisseren.

Et gëtt héich Zäit, dass Politiker, aner Responsabelen, d'Zivilgesellschaft géint dëse geféierleche Populismus op d'Barrikade ginn, dass se de Leit d'Wourecht soen, nämlech dass déi meescht Problemer, mat deene si sech erëmklappe mussen, hausgemaacht sinn, wéi z.B. a Frankräich.

Mir mussen informéieren, dass déi grouss Erausfuerderungen ewéi Immigratioun, bessere Wuesstum fir méi Aarbechtsplazen, Sécherheet nëmmen zesumme geléist kënne ginn, dass mer nëmmen nach als Europa Gewiicht an der Welt hunn, wa mer eis Unioun méi zolidd maachen.

De Mouvement Européen huet eng Campagne gestart, fir eis europäesch Wäerter ze verdeedegen an  enger méi solidarescher, an enger méi effikasser EU.

Amplaz dass déi Lëtzebuerger Gewerkschafte mat anere Mouvementer wéi de Konsumenteschutz géint europäesch Handelsverträg mat  Kanada, Singapur oder den USA opstëppelen, wier et fir d'Aarbechts- an d'Liewensbedingunge vun hire Memberen, déi héich Beiträg bezuelen, besser wa se endlech begräife géifen, dass Handels- an Investitiounsverträg de Regulator vun der Globaliséierung sinn.

Amplaz méi Depensë fir eis Sécherheet a  Verdeedegung ofzeleenen, solle se begräifen, dass d'Promotioun vun eiser strategescher Autonomie haut fir d'E.U. liewenswichteg ass.

Ech hoffen, dass mer wéinstens hei am Land dat verstinn an dass der iech mat der Europäescher Beweegung dofir asetzt, dass mer d'EU net nëmme retten, mä verbesseren a méi staark maachen. An eisem Interêt. Maacht mat!

Astrid LULLING

 



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.