Carte Blanche vum Robert GarciaMediemonopoler versus Fakenews-Tsunamis

De Robert Garcia doriwwer, wéi sech Mediemonopoler a Fake news d’Hand ginn.

Carte Blanche vum Robert Garcia



Mediemonopolisten a Fake News?  Oh Lala! Op dëser Antenn géint privat Mediemonopolisten ze wiederen, kéim e bëssi surrealistesch eriwwer. Besonnesch, wou mat enger grousszügeger Finanzsprëtz aus dem Staatsbudget d’Grenz tëschent privat-kommerzieller an öffentlech-rechtlecher Press ëmmer méi verschwëmmt.

Fréier, ier vu “Fake news” geschwat gouf, obwuel et se och schonns gouf, war alles méi einfach: déi konservativ Leit hunn eng konservativ Zeitung abonnéiert, déi progressiv eng progressiv, asw... A jiddweree konnt dat liesen oder héieren, wat him oder hier an de Krom gepasst huet an all aner Iddie lénks oder riets leie gelooss.

Haut huet sech de Spektrum un Meenungsäusserungen dank Facebook, Twitter, etc radikal demokratiséiert. Jiddereen däerf op den soziale Netzwierker souwuel spannend Detailer aus sengem Liewen mat oder ouni Honn oder Kazen zum beschte ginn wéi och dee gréisste Kabes iwwert d’Weltpolitik verbreeden. An souguer mat den décksten politesche Ligen kann ee getrouscht opTrumpen, ouni datt een en Droit de réponse muss zouloossen oder dofir op d’Geriicht geholl gëtt.

Allerdéngs kann ee sech och säi Grupp vu Friends aussichen, déi engem déi “true and fake news” zervéieren, déi een am léifste liest. Also genau wéi virdrun: eng selektiv Wahrnehmung vun der komplexer Realitéit, jee nodeem, wat ee liken oder hate wëll.

Eng Gemeinsamkeet hunn d’“pensée unique” vun de Medienmonopoler an de Fake news-Tsunami op de Netzwierker awer: do versicht ëmmer ee vill anerer ze manipuléieren.

Säit ech selwer onofhängege Radio bedreiwen, geeschtert dat Wuert “Mediepädagogik” duerch de politesche Raum. Heimat sollen onverduerwen Mënschen, virun allem Jonker, awer net nëmmen, geléiert ginn, wéi wäit een de Medien soll trauen a wat een net fir boer Mënz soll huelen. Geschitt ass säit 30 Joer net ganz vill, vun eenzelnen Initiativen, wéi dem Graffiti op Radio ARA, ofgesinn.

Elo op bemol, wou et kloer gëtt, datt ee mat Fake news kann US-President ginn, geroden d’Politiker a Panik. Déi Politiker, déi och op Facebook an Twitter kräfteg matzwitscheren. Séier gëtt en Zentrum fir politesch Bildung gegrënnt, dee sech vun Ufroen schons net méi rette kann. An och déi lokal a regional Medien ginn e bemol erëm entdeckt. Majo, flott, firwat net?

Et bleift awer ze hoffen, datt iergendwann d’ëffentlech Hand net nëmmen Online-Plattformen wëll ënnerstëtzen, déi et Wutbürger erlaben, gratis an ouni Recherche iwwert d’“Lügenpresse” a “korrupt Politiker” hierzezéien. Mee och deenen Initiativen, ob ëffentlech oder privat, déi konsequent géint Fake news a Pensée unique virginn, adaequat Moyenen ginn. Ë.a. fir mat der aktiver Partizipatioun vun de Biergerinnen a Bierger, d’Demokratie e bëssi méi interaktiv, pluralistesch an kontrovers ze gestalten.

Dozou brauch d’Regierung keng Finanzstränze mat ënnerschiddlechem Gabarit, mee en duerchduechtent Konzept vun Mediepluralismus an Demokratiepädagogik.  

 


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.