Carte Blanche vum Jean-Louis SchlesserLëtzebuerg an de Football

E bësschen Éierlechkeet a wéineger eidel Spréch sinn noutwendeg, wann een erausfanne wëllt, firwat zu Lëtzebuerg d’Leit ëmmer wéineger um nationale Football interesséiert sinn, mengt de Jean-Louis Schlesser.

Lëtzebuerg an de Football, dat ass d‘Geschicht vun enger Haassléift. Mat flotte Momenter, a Momenter vun décker, ganz décker Flemm. Bon, wat international Resultater ugeet – sief et um Niveau vun der Nationalequipe oder op Clubniveau –do muss ee schonn eng gutt Portioun Masoschismus matbréngen fir sech ze freeën. Trotzdeem… Et ginn zu Lëtzebuerg 113 Veräiner a bal 40.000 Football-Lizenzen. Island huet der 20 000, mee natierlech laang net esou vill Veräiner. An eisen zwou Natiounen ass de Football dee populäerste Sport, net nëmmen um Kanapee virun der Televisioun, mee och als en aktiv praktizéierte Sport. Mee konträr zu den Islänner musse mir wahrscheinlech nach laang waarden ier mer d’Englänner aus enger Aachtelsfinall an enger Europameeschterschaft geheien. OK, fréier, viru méi wéi 50 Joer hu mer, mat engem Goal vum Dimmesch Camille, d’Hollänner aus der Europameeschterschaft erausgehäit. Wéi gesot, dat war 1963, d’Joer, an deem de Kennedy erschoss gouf an d’Beatles I Wanna Hold Your Hand gesongen hunn. D’Nana Mouskouri war fir Lëtzebuerg op der Eurovisioun an ass dat aacht ginn.

An den Interviewen zum Schluss vun der Saison schwätzt den FLF-President Philipp, vun deem wat him am Lëtzebuergesche Football gefält a wat net. D’Nationalequipe gëtt hei natierlech ausgespuert, wahrscheinlech och well de President Philipp net op d’Platebande vum Trainer Holtz trëppele wëllt. Taktesch gesinn ass dat OK, mee et bleift d’Gefill, datt et schwéier ass am Grand-Duché iwwer Football a senge gesellschaftlechen Zesummenhäng ze diskutéieren. An den Interviewen geet rieds iwwer en zentrale Problem, nämlech di lamentabel Spectateurszuelen an der ieweschter Divisioun. Wann ech de President liesen, froen ech mech, ob ee mat him rechne kann fir an der Fro, wéi een de Lëtzebuergesche Football erëm ënnert d’Leit bréngt, weiderzekommen.

Op een e Football-Fanatiker ass oder net, de Fooball ass esouwuel e sportleche wéi e soziale, hei an do och e politesche Phänomen. Wann den Albert vu Monaco sech keen éischtklassege Footballclub méi leeschte kann oder wëllt, an en dubiéisen, virbestrooften russeschen Oligarch u Bord hëlt, dann huet dat net vill mat der Freed u schéinem Futtball ze dinn. Op engem méi niddregen Niveau, op eisem, ze maachen wéi wann een an engem eidelen Footballsterrain oder an engem Stadion ouni lokal Supportere wéi virun engem onerkläerleche Phenomen géif stoen, hei an do e puer Spréch iwwer ze héich Spillerpaien lassléisst, dann heescht dat, datt een enger eeschthafter, noutwendeger Ursaachefuerschung aus dem Wee geet. Et heescht, datt ee manövréiert an am Fong alles beim Aale wëllt loossen. Et heescht och, datt d’FLF der schéinster Niewesaach vun der Welt e schlechten Déngscht leescht.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.