Carte Blanche vum Laura ZuccoliGemengewahle fir Net-Lëtzebuerger: Wien huet eppes matkritt?

Bis Mëtt Juli hunn Net-Lëtzebuerger, déi hei bei eis zënter 5 Joer wunnen, d’Méiglechkeet, sech op de Wahllëschte fir d’Gemengewahlen anzeschreiwen a sech esou un de Gemengewahle vum 8 Oktober ze bedeelegen. Mee wien huet bis elo eppes dovunner matkrut?

Carte Blanche vum Laura Zuccholi



Wou bleift eng koordinéiert a proaktiv Aschreiwungscampagne? Keng Affichen! Kee Spot op de Radioen, näischt op der Tëlee. Sécher eng Rei Initiative sinn am Gaang: esou goufen eng 50 Multiplicateuren ausgebilt, déi hir Landsleit iwwert d’Wichtegkeet, fir sech anzeschreiwen, iwwerzeege sollen. Och eng Rëtsch Gemenge schécke Bréiwer un hir auslännesch Residenten eraus, maachen hire Biergerzenter extra 2 Samschdeger op. Broschüren a Flyere goufen an ville Sprooche gedréckt. Mä all dës Initiative gesäit ee kaum!

Wou sinn d’Aussoe vun de Parteien derzou? Wou sinn déi eng oder aner Aktiounen? Parteie sinn all elo am gaangen, hir Leschte virzestellen, mä kaum gëtt en Net-Lëtzebuerger Kandidat an de Virdergrond gestallt, fir esou d’Wichtegkeet vu sengem Engagement fir d’Zesummeliewen ze ënnersträichen! Villäicht läit dat och dorunner, datt ee kaum Net-Lëtzebuerger Kandidaten op de Gemengewahllëschten gëtt!  Et huet een d’Impressioun, datt d'Wahlbedeelegung vun den Auslänner en Tabu-Thema ass.

D’Politesch Campagne fir Gemengewahle leeft am September un. De Stéchdatum, fir sech als Auslänner fir déi nächst Gemengewahlen anzeschreiwen, ass den 13. Juli! Do muss ee schonns immens u Politik interesséiert sinn, wëssen, wéi wichteg Gemengepolitik ass, fir sech ze motivéiere a sech elo schonns anzeschreiwen. A wann da wichteg lokal Politiker soen, majo wann d’Auslänner sech net aschreiwen, heescht dat, datt si mat eiser Politik zefridde sinn, da froen ech mech, firwat mer iwwerhaapt solle wiele goen? Ech hunn ëmmer geduecht et géif drëms goen, datt d’Vollek duerch d’Wahlen déi duerchgefouert Politik zensuréiert oder och net.

D’Nationalitéitegesetz, fir Lëtzebuerger ze ginn, gesäit elo eng Residenzzäit vu 5 Joer vir, och mat Ënnerbriechungen. Et muss een awer 5 Joer ouni Ënnerbriechung zu Lëtzebuerg gelieft hunn, fir sech als Net Lëtzebuerger op Gemengewahllëschten anzeschreiwen! Wou ass do Logik?

Et gëtt keng Gemeng méi am Land, déi manner ewéi 20 Prozent Net-Lëtzebuerger Residente huet! Vill Gemenge leie bei iwwer 40 Prozent a verschidden, besonnesch grouss Gemengen, tëscht 50 a 70 Prozent! Kann een dann nach vun Demokratie schwätzen, wann een dat einfach viru sech hi lafe léisst, sech begnügt, datt nëmme Lëtzebuerger wielen? Well déi gi jo net gefrot, ob se dat wëllen oder net! De Wäert vun enger Demokratie jugéiert een dorunner, wéi vill Leit op de Wahllëschten ageschriwwe sinn. Also misst eis Politik am Fall vu Lëtzebuerg sech immens an d'Geschir werfen, fir datt esou vill ewéi méiglech Net-Lëtzebuerger sech op de Gemengewahllëschten aschreiwen. An dat kascht Iwwerzeegungskraaft, Erklärungen. Mir brauche jo just iwwert eis Grenzen ewech ze kucken, wou ëmmer méi Wieler vun der Politik enttäuscht sinn, a net méi wiele ginn!

Mir mussen zu Lëtzebuerg zesummenhalen! Dëst ass sécher méi einfach an Zäite vun economeschem Wuesstem. Mä mir mussen dofir suergen, grad elo, datt mer den ëmmer méi zahlreiche Net-Lëtzebuerger eng Plaz an eiser Politik ginn, an de Parteien, op de Wahllëschten an an den Gemengekommissiounen.

D’Demokratie vun engem Land miesst sech un der reeller Bedeelegung vun all sengen Awunner un de Wahlen. Soss lafe mer Gefor, datt eist Zesummeliewe bei der klengster Schwieregkeet zesummefält. An dat ass a kengem sengem Interessi!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.