Carte Blanche vum Marc HostertE Paradigmewiessel fir Europa aus engem bayresche Béierzelt?

Nom G-7 Sommet zu Taormina an Italien huet déi däitsch Bundeskanzlerin an engem Béierzelt bei München eng Ried gehalen, déi atypesch war an eis all interpelléiere kann a soll.

Carte Blanche vum Marc Hostert



Ech war méi ewéi iwwerrascht, dass déi däitsch Kanzlerin, déi als kill a berechebar Physikerin seelen eppes vum Leescht léist ouni sech de méigleche Konsequenze bewosst ze sinn, an engem Béierzelt zu München e méigleche Paradigmewiessel fir Europa an deemno fir eis all annoncéiert.

Zanter méi ewéi 12 Joer ass d'Madame Merkel elo an  “Amt und Würden” an huet mat hirem “inkrimentalen” politesche Stil, dat heescht ouni grousst Gedeessems a grouss philosophesch Debatten, eng Problem orientéiert Realpolitik bedriwwen, déi si de leschte Sondagen no vun der däitscher Bevëlkerung unerkannt kritt.

Dräimol huet d'Kanzelerin Merkel de Pad vun hirer Realpolitik an “No surprise Policy” verlooss.  Déi éischte Kéier bei hirem “Volte-face” beim  däitschen “Atomaustieg” nom Accident zu Fukushima 2011, eng zweete Kéier bei der Flüchtlingskris 2015 an zu gudder Lescht eng drëtte Kéier elo nom Nato-Sommet an dem G-7 Sommet an Italien.

An hirer Festzelt Ried huet si gesot, dass : “Déi Zäiten wou mir eis integral op anerer verlooss hunn, sinn a Stéck eriwwer. Dat hunn ech déi lescht Deeg erlieft. Dofir kann ech nëmme soen, dass mer eist Schicksal an déi eegen Hänn mussen huelen.”

Dëst Zitat ass virum Hannergrond ze gesinn, dass si zwee Mol mam Donald TRUMP um héchsten Niveau Treffen hat.

Op dee Saz elo op der richteger Platz gesot ginn ass, an dann och nach am däitsche Walkampf, sief emol dohigestallt.

Fakt ass awer, dass si eng Gewëssheet méi ewéi a Fro gestallt huet, op déi mir eis als Europäer zanter dem 2. Weltkrich an zanter Generatiounen ëmmer verlooss hunn, nämlech, dass dat transatlantesch Bündnis, d'NATO, ëmmer esou weider geet ouni dass Europa sech besser a méi engagéiert wéi bis elo a seng Verdeedegung selwer an d'Hand hëlt. 

Mam Slogan “America First” huet den Donald TRUMP op mannst emol fir säi Mandat a verschidde Bezéiungen dobäi och déi mat Europa an der Sécherheets- a Verdeedegungspolitik eng méiglech Scheedung an de Raum gestallt. 

Déi däitsch Bundeskanzler huet an dëser Ried sécherlech hirer Enttäuschung Loft gemaach, mä si wollt op jiddefall och, dass Europa aus senger Lethargie an aus senger Bequemlechkeet erwächt.

D'Ziel muss et sinn, eng gemeinsam europäesch Verdeedegungspolitik a Sécherheetspolitik ze entwéckelen, déi Europa a senger Selbststännegkeet kräftegt. 

D'Mille fir e méi staarkt Europa sinn deemno a Beweegung. Et ass awer och e penibelen Ament fir  Europa, well eis Schwächte ginn minutiéis opgedeckt.

De Kontext ass awer besser wéi virun e puer Méint. An Holland a Frankräich hu pro-europäesch Parteien d'Wahle gewonnen.

Dëst Eise muss elo op de Leescht geholl ginn am Sënn vun eisem gemeinsamen Europa. Falls dat net geléngt kann dës Ried soss als eng esou genannten “Hunnenried” och als Boomerang ugesi ginn, déi eis Europäer dann an nächster Zukunft bei all Geleeënheet vu baussen ënnert d'Nues gehale gëtt.

Mir sollen awer besonnesch als Lëtzebuerger eis Liaisoun mat Amerika net nëmmen an der Period Donald TRUMP gesinn, mee doriwwer eraus an hirer laanger Geschicht. Et huet eis bis elo ëmmer mat Amerika méi verbonnen ewéi getrennt!

Marc Hostert

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.