Carte Blanche vum Marc Glesener25 Prozent vun de Lëtzebuerger Wieler vertraue kenger Partei

Kierzlech sinn d’Resultater vum Politmonitor ëffentlech gemaach ginn. De Marc Glesener, Kommunikatiounsberoder a laangjärege Journalist,kënnt a senger „carte blanche“ op ee Resultat zréck: 25 Prozent vun de Leit heiheem vertraue kenger Partei. Dat ass eng grouss Erausfuerderung fir d’Politik.

Carte Blanche Marc Glesener



Sondagë gehéiere mëttlerweil och a Lëtzebuerg zum politesche Geschäft. Och wann d’Politiker je no Resultat esou Ëmfroe relativéieren an d’Aussokraaft a Fro stellen, spigelen Ëmfroen dat erëm, wat d’Vollek denkt. Dëst onofhängeg dovun, dat ee sech ëm e puer Prozentpunkten iere kann. En Trend ass nun emol en Trend.

Et ass vill an intensiv iwwer déi lescht Politmonitor-Resultater diskutéiert, gesot a geschriwwe ginn. An hei ass et virun allem eng Zuel, déi mir et ugedoen huet an déi ze denke gëtt. Et sinn dëst déi 25 Prozent vun de befrote Leit, déi gesot hunn, guer kenger Partei ze vertrauen.

25 Prozent, also e Véierel vun de Wieler am Land: Dat ass am Fong enorm. 25 Prozent hu kee Vertrauen a mussen dach hirer Wahlflicht nokommen. Stellt sech d’Fro, wiem si dann an der Wahlkabinn bereet sinn, hiert d’Vertrauen ze schenken.

Eng gutt Fro.

Vläicht ass et genau ronderëm dës Fro, wou e Politiker, wéi den Emmanuel Macron a Frankräich seng Strategie vum Renouveau opgebaut huet. Hien huet a senger Kommunikatioun konsequent op eng Rupture mat dem ale klassesche System gesat. Seng Strategie ass opgaangen.

An d’Sondage soen him a senger neier Partei elo och en Erfolleg bei de Parlamentswahle viraus. Op dat esou ass, weist sech dëse Sonndeg an de Sonndeg drop.

Dat eng Rei Leit bei eise franséischen Noperen net richteg verstane hunn, firwat et zum Phänome Macron komm ass, beweist eng Wuertmeldung vum neien President vun der Regioun Paca, dem Renaud Muselier. Hien huet en Donneschdeg an engem Zeitungsinterview virum Amateurismus gewarnt, deen d’Kandidate vum Macron senger Partei géif auszeechnen. Hien, deem seng Carrière bei der Droite eng Geschicht vu Cumulen a Postejuegd ass, warnt virun Amateur-Deputéierten. Na, ja: Eng kritesch Selbstanalyse wier hei vläicht éischter ubruecht gewiescht.  Mä et bleift beim alen Denken an den ale Reflexer.

Zréck zu menge 25 Prozent hei zu Lëtzebuerg. Dëse Véierel vun de Leit misst am Fong d’Haaptzilgrupp vun der politescher Aktioun sinn an et wier virun allem interessant ze wëssen, firwat dës Wieler kee Vertrauen an eng Partei hunn oder dëst Gefill vu Vertraue verluer hunn. Dat wier dach emol e Sondage wäert, oder?

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.