Carte Blanche vum Richard Graf Et gëtt genuch Bauterrainen zu Lëtzebuerg, si si just an de falschen Hänn

A leschter Zäit schéngt et eng nei Dynamik an d'Diskussioun vun der Wunnraumproblematik ze ginn. Hoffentlech net just, well deemnächst nees Wahlen ustinn. Eng Carte Blanche vum woxx-Journalist Richard Graf.

Joer fir Joer entstinn nei Aarbechtsplazen. Déi ginn zwar zu engem groussen Deel vun Frontalieren besat, awer och duerch Leit, déi nei op Lëtzebuerg wunne kommen.

Wann donieft bei Villen de Portmonni zimlech grouss opsteet, ass et kee Paradox, datt de Präis pro Quadratmeter Wunnraum klëmmt – sief et bei Eegentum, wéi och an der Locatioun.

Dat heescht awer och, datt Leit mat manner Geld vu vir eran keng Chancen hunn.

Fir déi gëtt et jo Sozialwunnengen, gëtt eis gesot.

Allerdéngs ginn och bei den ëffentleche Bauträger d'Waardelëschten ëmmer méi laang. An ëmmer méi Leit melle sech, déi weder d'Kritäre fir eng Sozialwunneng erfëllen, nach mat de Präisser um freien Maart kënne mathalen.

Dat huet natierlech domadder ze dinn, datt iwwer Joerzéngten ze wéineg am Beräich vum soziale Wunnengsbau geschitt ass.

Do wou aner Länner oder Stied 20 oder méi Prozent Sozialwunnengen hunn, läit den Undeel zu Lëtzebuerg bei manner wéi 3 Prozent.

Dobäi ass um Pabeier de Problem net weider dramatesch: Laut de Statistiker stinn innerhalb vun de Bauperimeteren ongeféier 2.700 Hektar Bauland zur Verfügung. Ronn 1.000 Hektar dovunner wieren ouni Prozeduren direkt benotzbar.

Dat sinn impressionnant Zuelen, wann ee weess, datt tëschent 2004 an 2010 nëmmen 64,6 Hektar Bauland am Schnëtt pro Joer verbraucht gi sinn.

Allerdéngs: 75,6 Prozent vun deene genannte Flächen sinn an den Hänn vu private Leit, eng aner 16,2 gehéiere private Gesellschaften - just de klenge Rescht ass an ëffentlechem Besëtz.

Och wann haut de Bedarf nach méi héich ass wéi 2010, sou bleift dach festzestellen, datt eigentlech genuch Bauland zur Verfügung steet, fir der Nofro entgéintzekommen.

D'Praxis ass natierlech eng aner: Bauland gëtt kënstlech knapp gehalen. Well d'Präisser permanent an d'Luucht ginn, ass et interessant mam Verkaf ze waarden.

A wann ee senge Nokommen wëllt e gudde Start an d'Liewen erméiglechen, ass e Bauterrain di besser Optioun, wéi zum Beispill e Spuerbuch, dat kaum Zënsen bréngt.

Sou novollzéibar dat Verhalen fir di eenzel Terrainsbesëtzer och ass, fir grouss Deeler vun der Bevëlkerung ass se katastrophal: De Wunnraum gëtt haut gebraucht, net eréischt an zeng oder 20 Joer.

Ech schwätzen elo net vun de richtege Spekulanten, déi bewosst Wunnraum oder Terrainen opkafen an da jorelaang zeréckhalen.

Si stiechen enorm Plus-valuen an, wann anerer interessant Projeten entwéckelen, a si hiren Terrain dann extra deier kënne lassginn.

Hei muss d'Politik Weeër a Méiglechkeeten fannen, fir esou engem asoziale Verhalen entgéintzewierken.

Mee och di kleng, scheinbar onschëlleg, Spekulatioun mécht an der Zomm vill Schued.

Hei misst et eng Aart Pool ginn, bei dem den Eenzelnen säin Terrain zu Verfügung stellt an eng korrekt - awer net spekulativ - Remuneratioun kritt. Den Dag, wou hien en eegene Projet realiséiert, huet en dann Usproch aus dem Pool eraus en ähnlechen Terrain zeréckzekréien.

Natierlech ass dat eng Utopie. Trotzdeem musse mer a Saachen Wunnraum nei Weeër goen.

Et kann net sinn, dat laangfristeg een Deel vun der Bevëlkerung d'Halschent oder méi vu sengem Akommes muss fir d'Wunnen ausginn, just well d'Spillreegelen de Realitéiten net ugepasst ginn.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.