Carte Blanche vum Robert WeberEng Regierung déi blufft mécht mir Suergen, wann et schlecht geet

De fréieren Nationalpresident vum LCGB a fréieren Deputéierte Robert Weber schwätzt iwwert seng Bedenken, ob dës Regierung a schlechten Zäite richteg reagéiert.

De Vize-Premier Etienne Schneider seet ëmmer erëm, dass dës Regierung dach alles gutt gemaach hätt. Si hätt fir Wirtschaftswuesstem gesuergt, si hätt di ëffentlech Finanzen an Uerdnung bruecht an de Chômage wär ënner Kontroll a géing erof.

Wat soll een elo vun esou Aussoen halen?

Net vill, oder d’Realitéit gesäit anescht aus!

Dass mer haut a muer e Wirtschaftswuesstem vun 4% a 5% verzeechnen ass bestëmmt net der Regierung hire Verdéngscht. Hei huet di international Konjunktur eis Wirtschaft gedriwwen. Dat war iwwregens ëmmer esou.

Sinn di ëffentlech Finanzen wierklech an Uerdnung?

Den Zentralstaat kennt en Defizit vun iwwert enger Milliard Euro an eis Staatsschold ass net erof gaangen, mee au contraire erop.

Eng Regierung weist virun allem ob se gutt regéiert, wann eng Kris an d’Haus steet. Wann d’Ekonomie gutt dréint, dann ass villes einfach. Mee „gouverner c’est prévoir“. Also muss en och den Apel fir den Duscht op der Säit hunn wann et erëm méi schlecht geet.

Den Apel ass awer net do!

Mee den Apel war 2008/9 do, wéi di ganz Welt an eng riseg Finanzkris gefall ass. Woumat sinn Fortis (haut BGL BNP Paribas) an Dexia (haut BIL) gerett ginn?! Woumat ass 2009 e grousse Wirtschaftsprogramm lancéiert gi fir eis Kleng-a Mëttelbetriber ze stëtzen?!

2008 an duerno hu responsabel Politiker di richteg Decisiounen hei an an Europa getraff, fir di beispillslos Finanz-an Wirtschaftskris géigenzesteieren.

Et war net einfach deemools an ech weess vu wat dass ech schwätzen. Als deemolege Gewerkschaftspresident hunn ech och mat vill gemëschte Gefiller Decisioune matgedroen. Haut weess ech, dass et di richteg waren. Haut weess ech, wat et heescht, „responsable Politiker“ ze sinn.

Wéi steet et da mam Chômage?

Di 340.00 Betriber zu Lëtzebuerg realiséieren all Joers em 120.000 Astellungen. Dovunner sinn eng 11.000 nei Aarbechtsplazen. De Staatsminister Bettel sot dozou am Februar „Malgrés ces chiffres encourageants le chômage ne recule pas de façon suffisamment importante ».

De Beschäftegungsminister Schmit  wëllt,  statt de Chômage ze finanzéieren,  léiwer an Aarbecht investéieren. Dofir wëllt hien elo Gemengen ënnerstëtzen, di sécher Aarbechtsplaze fir Laangzäitaarbechtsloser schafen. E Pilotprojet riicht sech un 11 Gemengen aus dem Süden. Di Idee ass net nei, et gëtt se schonns zanter der Stolkris ufangs der 80er Joren.

Mee, am Mäerz vun dësem Joer ware 7.425 Aarbechtsloser méi laang wéi 12 Méint ouni Job.

Wéi d’Gemengen elo dëse Problem léise sollen, seet de Minister net.

Awer den Här Schmit fält léiwer a Selbstgefällegkeet: „D’Resultater vun enger Etüd weisen, dass d’Reform vun der ADEM wierklech hir Friichten droen.“ Sou seng Wieder.

Fir dës Etüd ware 6.400 Betriber kontaktéiert ginn. Awer nëmmen 1.749 Betriber hu bei dëser Etüd iwwert d’Funktionéiere vun der ADEM matgemaach, dat sinn 27,23%.

Also "alles in Butter "!?

Fir e  Minister, deen esou wäit vun der Realitéit ewech ass,  verstinn ech, dass hie fir sech selwer léiwer eng nei Aarbecht sicht.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.