Carte Blanche vum Robert GoebbelsSinn d'Déiere besser Mënschen?

Dozou eng Carte Blanche vum Robert Goebbels, fréiere Wirtschaftsminister.

Carte Blanche vum Robert Goebbels



D’Regierung wëll den Déiereschutz verbesseren. Dat ass am Prinzip gutt esou. Déiere sollen net mësshandelt oder gequäält ginn. De Reformprojet vum Minister Etgen geet awer ze wäit.

Sou soll elo „d’Dignitéit“ vun jidder Déier unerkannt ginn. Wat bedeit dëse philosophesche Begrëff? Sollen Déieren de Mënsche gläichgestallt ginn? „Die Würde des Menschen ist unantastbar“, heescht et an Texter iwwer d’Mënscherechter. Wat net verhënnert, dass Mënschen uechtert Welt gequäält an dout gemaach ginn, an Aarmut vegetéieren oder verhongeren.

Wat heescht elo „assurer la dignité des animaux“, wéi et am Titel vum Projet de Loi heescht?

Ass et vereenbar mat der „Dignitéit“ vun engem Hong, engem Schwäin oder enger Kou, op engem Bauerenhaff opgezillt ze ginn, fir spéider an engem Kachdëppen ze landen? Wéi ass et mat der Dignitéit vum Vull oder Kanéckel, dat vun engem Fuuss gerass gëtt. Mat der Dignitéit vun de Fësch, déi op Musel a Sauer geaangelt ginn? Wéi ass et mat der Dignitéit vun enger Moustique, déi nuets am Zëmmer mat der Schlapp erschloe gëtt?

Des Froe klénge vläicht topeg, mee wäerten awer eis Geriichter an deenen nächste Jore vill beschäftegen. Well Rechter aklobar sinn, wäerten extremistesch Déiere-Schützer sech eng Freed maachen, fir d’Viehzucht, d’Juegd, d’Fëscherei a vill aner mënschlech Aktivitéite viru Geriicht ze kontestéieren.

Ass d’Reide mat der Dignitéit vum engem Päerd vereenbar? Wéi ass et mat der Dignitéit vum Fësch am Aquarium, vum Papagei am Käfeg? Dem Drock vu selwer ernannten Déiere-Schützer ass et schonn ze verdanken, dass keen Zirkus méi d'Dressur vun Déiere bidde kann.

Am „Wort“ huet ee prominente „Veganer“ ugekënnegt, mat dem neie Gesetz missten déi logesch ethesch Konsequenzen vun der Dignitéit vun den Déiere gezu ginn: „Wenn dem Tier Würde zukommt, dann müssen Viehzucht, Schlachten von Tieren, Jagd auf Tiere verboten werden“.

De Mënsch ass zum Mënsch ginn, well en esou zimlech alles iesse kann an sech un all Ëmwelt- a Klima-Bedéngungen upasse konnt.

Wann et Matmënsche gëtt, déi als Vegetarier nëmmen Uebst a Geméis iessen oder als Veganer all Produkter vun Déieren, esouguer Mëllech, Eeër an Hunneg refuséieren, sou ass dat hiert privat Recht. Déi meeschte Mënsche wëllen awer weiderhin sech diversifizéiert ernären, Fleesch, Fësch, Eeër a Mëllechprodukter konsuméieren.

Dofir soll d’Gesetz fir besseren Déiere-Schutz suergen, ouni sech a pseudo-philosophescht Geschwafel ze verléieren.


 

 

 

 

 

 

 

 



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.
 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.