Carte Blanche vum Jean HussDéi europäesch Kris an déi kommend Wahlen a Frankräich an Däitschland

A senger Carte blanche kommentéiert de Jean Huss, ex-Deputéierte vun déi Gréng, de Wahlerfolleg vum Emmanuel Macron a Frankräich a seng Konsequenze fir Frankräich an d’EU.

Carte Blanche vum Jean Huss



Nom Wahlerfolleg vum Emmanuel Macron bei de franséische Presidentiellen a bei de Wahle fir d’Assemblée nationale gouf et bei den europäesche politeschen Eliten eng grouss Erliichterung. Si gesinn an him en neie wichtegen Hoffnungsträger, fir d’europäesch Unioun ze reforméieren an se aus hiren zahlräiche Krise wéi de Brexit an Trump, d’Finanzkris, d’Griichelanddauerkris, de Jugendchômage an déi zounehmend Prekaritéit erauszeféieren.

Natierlech war et gutt, datt sech de Macron mat positiven europäesche Messagë géint den erbäermlech nationalistesche a rassistesche Wahlkampf vum Marine le Pen konnt duerchsetzen.

Mä trotzdeem si mam Macron senger absoluter Majoritéit weder eng besser demokratesch a sozial Zukunft fir déi franséisch Bevëlkerung, nach eng besser europäesch Zukunft assuréiert.

Säin esou grousse Walerfolleg am zweeten Tour vun de Presidentielle war haaptsächlech der Präsenz vum Marine le Pen geschëlt, an net der Popularitéit vu sengem politesche Programm a beim zweeten Tour vun de Legislativwahlen hate sech esouguer méi wéi 57% vun de Fransousen enthalen.

Virun allem seng neoliberal Wirtschafts- Sozial- an Aarbechtsrechtspolitik, mam geplangten Ofbau vun 125.000 Beamteplaze beim Staat, der Schwächung vum Aarbechtsrecht, vu Kollektivverträg a Kënnegungsschutz oder och déi geplangte massiv Steierkadoen un déi grouss Patronatskreeser bleiwen total ëmstridden a gi vu groussen Deeler vun der Bevëlkerung ofgeleent.

Dat ass nämlech déi selwecht Politik, déi Europa an déi bestoend déif sozial Kris gefouert hat an déi eng wichteg Ursaach war vum Succès vu Rietspopulisten an ultranationalistesche Beweegungen.

An der Europapolitik kritiséiert den neie franséische President déi däitsch Dominanz an Europa, virun allem déi nefast dätscht Exportiwwerschosspolitik an déi vum Schäuble a Merkel anere Länner diktéiert eesäiteg Spuer- an Austeritéitspolitik, an hie mécht am Usaz eng Partie nei Reform a Virschléi fir d’Europäesch Unioun, déi deelweis an eng positiv Richtung ginn, déi insgesamt awer vill ze kuerz gräifen.

Wann nämlech dat verluerent Vertrauen erëmgewonne soll ginn, da si vill méi déifgräifend Reformen an Europa noutwendeg, hin zu enger wäitgoender Demokratiséierung, schrëttweis hin och a Richtung vun enger Sozial- a Fiskalunioun.

Da missten endlech och onmëssverständlech esou Froen op den europäeschen Ordre du jour kommen wéi zum Beispill eng effikass Reguléierung vun de Banken an de Finanzmarchéen a vun de Pouvoire vun de Multinationalen. A schlussendlech misst et zu massive privaten an ëffentlechen Investitiounsprogrammer kommen a Richtung Konversioun vun der Ekonomie am Interesse vu Klimapolitik, vun Ëmwelt a Gesondheet a vun enger sozialer an ökologescher Zukunft fir eis Kanner.

 

 



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.
 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.