Carte Blanche vum Tom BellionD’Fête de la Musique. Eng flott Initiative op engem gudde Wee.

Endlech ass et nees esouwäit! Zanter haut de Moie 7.00 Auer an nach bis den 21. Juni Owes spéit, de längsten Dag vum Joer, gëtt zu Lëtzebuerg, grad wéi a villen anere Länner, d’Fête de la Musique organiséiert.

D’Initiative géif op ee gewëssene Joel Cohen an de 70er Joren zréckgoen. Mee et war den deemolege franséische Kulturminister Jack Lang deen 1981 d’Iddi populariséiert huet.

Zanter hir ass dat Fest vun der Musek, um 1. Dag vum Summer, net méi ewechzedenken. 

Gitt mol op fetedelamusique (alles an engem Wuert).lu luussen, wat zu Lëtzebuerg an den nächsten Deeg gebuede gëtt. Et ass méi wéi impressionnant an et kann een de Responsabele vun der a.s.b.l. Fête de la Musique an hire sëlleche Partner nëmme felicitéiere, fir dee super Programm dee gebuede gëtt.

Op der enger Säit sinn d’Klassiker dobäi, wéi zum Beispill Fête de la Musique zu Diddeleng, oder Jam Concept an der Groussgaass - iwwregens dëst Joer déi 20ten Editioun. Mee donieft sinn awer och all Joer nees nei Initiativen dobäi, esou zum Beispill elo och Stengefort.

Respekt awer och, a virun allem, fir déi honnerten, wann net dausende Museker déi wäerten am Asaz sinn.

Wann ee gesäit wéi eng Entwécklung déi national Musekszeen an de leschte 25 Joer gemaach huet, dann ass dat schonns ganz beandrockend.

Gitt iech mol an den nächsten Deeg an är Gemeng, är Stad, äert Duerf ulauschtere wat eis Museker ze bidden hun, dir wäert sécher net enttäuscht ginn !

Mee - si mer dann do ukomm wou mer hi mussen ? Sollte mir net nach ee bessere Kader schafen, fir dass motivéiert Leit déi :

  • Musek spille kënnen,
  • wëssen, wéi dee Business fonctionnéiert a
  • wëlle mat der Musek hiert Liewe maachen

sech och traue fir dee Schrëtt ze maachen ?

Ass et dann net derwäert, nodeems mir d’Land zanter dem Kulturjoer 1995 mat exzellente kulturellen Infrastrukturen equipéiert hun, elo och ganz konsequent, an eis "soft skills", an de Facteur Mënsch, ze investéiere?

A mengen Ae géif dat sech secher lounen, well :

Musek verbënnt,

Musek bréngt Leit zesummen,

Musek ass Inclusioun,

Musek ass Harmonie.

Musek ass eng universal Sprooch …

… an déi sollte mir dach an eiser multikultureller Gesellschaft beherrschen.

Onbedéngt ! 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.