Commentaire vum Nico GrafNationalcommentaire

Bei eisen däitsche Noperen streiden se nawell gär iwwer hir "Leitkultur". A bei eise franséische Noperen iwwer hir "Ancêtres-les-Gaulois". A bei eis? Den Nico Graf huet nogelauschtert.

Nuetsschicht. Vun näischt kënnt näischt. Watgëssdewathuesde. Maach, datt d'Kierch am Duerf - Wat ass dat en Dreck hei. D'Stad ass voller Chantieren. Nur Limonade. Mir fueren op d'Côte. Kee Mënsch fiert méi op d'Côte. Dat seet een net. Dat mécht een net. Dat freet een net. Ech kann net schwätzen, méi Bouf schafft beim Staat. Dat si Judde-Präisser. D'Preise kommen. De Rénert liest souwisou keen. Lëtzebuergesch schreift ee wéi ee wëll. Et gëtt eng offiziell Orthografie. Looss dir deng Studien rembourséieren. Deen turnt op jidder Dëppefest. Mir hunn Schottland gemaach. A soss, Meeschter? D'Joffer huet gesot. Iwwer de Grand-Duc däerf jiddweree soe wat e wëll, mä garlamine en Auslänner mécht dat. En décken Auto. Déi hu Mënz, déi brauchen dat Stéck emol net ze verkafen. Oh hätte mer dach nëmme Krich, da géif Iech de Geck vergoen.

Nationalcommentaire vum Nico Graf

Neger-Musek. Spillt dach emol eppes Lëtzebuergesches. Mir sinn awer séier ënnerwee, Meeschter. Vun näischt eng Ahnung awer déck tozen. Op der Pompel schwätzen ech nëmme Lëtzebuergesch. Déi kachen och nëmme mat Waasser. Eis Jonge fuere propper. Do wunnen nëmme Portugisen. De Gaul hat och säin Dokter. De Jean-Claude, dee wier do iwwer Kanzler ginn. Déi vum Haff sinn och net méi schlau wéi aner Leit. Wat en Zauber, jeje. D'Äppel schmaachen no näischt méi. Ech drénken nach just Marque nationale. Wäin nëmme vum klenge Wënzer. Këmmer dech ëm näischt, da kënns de an näischt. Bocciaen. Polacken. Hecke-Fransousen. Houere Preisen. Zillebäcker. Mir wëlle bleiwen - déi vun der CECA.

Fréischicht. Wie geet dann nach an d'Arméi? De Verkéier gëtt ëmmer méi schlëmm. Déi kënne kee Wuert Lëtzebuergesch a wëlle sech hei breet maachen. Déi vun der Musel si méi labber. Eng Bauplaz kann do kee sech méi leeschten. Elo sinn ech erëm houfreg, mä wien ass dee Bob eigentlech? Kee Rouden a kee Wäissen. So ech hätt dir et gesot. De Kapp tëscht d'Ouere. Et gi méi Ketten wéi rosen Hënn. Kachkéis. Klibber mech. Et misst een emol erëm e Buch liesen. Uuchten. Esou eppes Guddes hues de nach net giess! A bëlleg! A vill! Esou eng gutt Drëpp. En Dreck, ech soen dir, en Dreck. Déi streiden a bierelen an herno gi se zesumme saufen. D'Lompe sténken. Gottes Waasser iwwer Gottes Land. Net vun der Heck gepléckt. Vum Lämmes gebass. D'Chamber? – de Pissoir vum Palais. Dat ass e Lénksen. Hatt ass lesbesch. Mat wiem ass dee Famill? Déi staark Schëlleren. De Jangli fiert den Houwald erop, also ass dat hei de Charly. D'Auditeure sinn am Haus. Do sëtzt de Stonnen an der Urgence. Deen Tram, dee kënnt ni. Eng mat der Broutschéiss. Dat geet jo op keng Kouhaut. Wann d'Mais sat sinn ass d'Miel batter. No bei de Leit. Mir sinn eng al Festungs-Stadt, dat mat de Vëlospiste geet do net. Wat ass hatt nees gemoschtert. Wat soen d'Leckt? Wéi een an de Bësch rifft. Do gesäis de vu Metz bis op Paräis. Zu Sandweiler waart s de éiweg. D'Welt mat Brieder zougeneelt. Lénks eran a riets eraus.

Mëttesschicht. Si si jo an der Rei, mä hiren Entourage! Kleng ma reng. Täschebillard. Déi Schwaarz sinn nun emol déi, déi hei regéieren. Eng besser Madämmchen. En Éisleker Bauer. Sti se do bei der Heeschefra a lauschteren dem Guide emol net no. Paschtéier – déi bescht vun hinne si bestuet. Déi sëtze nach just beim Patt. En décke Bauer. Dat kann ech och. O wat e Kabes. Wann d'Meedercher päifen, da kräischt d'Muttergottes. Mam Gast kann ee schwätzen, deen ass net esou. De Claude gëtt sech drun, den Haarden ze markéieren. De Fränz geet mer wéi en 11-Meter. Dee braddelt a fält sech selwer an d'Wuert. Deen huet eppes géint d'Judden. Et war engem Décke säin, duerfir kënnt näischt eraus. Wie beim Wäiwaasser sëtzt. Esou ass et an esou bleift et. Fir Iessen an Drénken. T'ass ewéi et ass an et ass geschass. Nach kee Meeschter vum Himmel. Objets cravattés non identifiés. E Pärdsbegriefnes. Vun näischt kënnt näischt. Eng Mass mat 3 Hären. Et avec ça? Wou de Bock d'Lach huet. Vun der Long op d'Zong. Et geet elo net, ech sinn an enger Reunioun. E Kasärestack. De Geck un de Bengel. Stoussnéckel.

De laangen Tour.

Hei elei kuckt elei wéi mir esou zefridde sinn. Wann s De net gees.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.