Carte Blanche vum Laurent SchleyD’Spill mat der Angscht

Angscht virun engem laange Stierfprozess mat vill Wéi hu wuel déi meescht vun eis. Verständlech. Mä wéi ass et, wa mer da bis gestuerwe sinn? Musse mer Angscht virum Doud hunn? A wat huet Relioun mat där Angscht ze dinn? Doriwwer e puer Iwwerleeunge vum Laurent Schley a senger Carte Blanche mam Titel „D’Spill mat der Angscht“.

© Christine da Felicidade
Carte Blanche vum Laurent Schley.



Mënsche sinn di eenzeg Déieren, déi sech net nëmme bewosst sinn, dass se iergendwa musse stierwen, mä déi sech och Gedanken doriwwer maachen, ob et nom Doud iergendwéi weidergeet, a wa jo, wéi. Während Atheisten der fester Iwwerzeegung sinn, dass et nom Doud endgülteg eriwwer ass, an Agnostiker éischter mengen, dass een dat net zu 100% ka wëssen, gouf a gëtt et nach haut bei ville reliéise Leit divers an abenteuerlech Virstellunge vun engem Weiderliewen nom Doud.

Mä wéi ass et mat der Angscht virum Doud? Verschidde Gleeweger behaapten, de Glawe géif hinnen déi Angscht ewechhuelen. Ass also déi Angscht bei reliounsfräie Leit elo méi verbreet? Schonn de Philosoph Seneca huet drop higewisen, dass den Zoustand no eisem Doud wuel net fundamental géif ofwäiche vum Zoustand virun eiser Gebuert. A vu dass mer duerch deen Zoustand net allze traumatiséiert waren, dierft et och nom Doud net sou schlëmm ginn. Anescht ausgedréckt: mir ware virdru Milliarde Jore laang dout, a gi just an deen Zoustand zeréck. Den Epikur huet flott erkläert, dass eise Wéi duerch eis Sënner entsteet, a vu dass déi Sënner mat ons stierwen, kann een nom Doud och näischt méi spieren. Mat e bëssi Nodenke kann een d’Angscht virum Doud also iwwerwannen a säi Liewen a vollen Zich genéissen.

Ob een un ee „Weiderliewen“ nom Doud gleeft oder ob een den Doud als Enn vu senger Existenz betruecht, kann Auswierkungen drop hunn, wéi ee säi Liewe féiert. Atheiste konzentréiere sech meeschtens ganz op déi Joren, déi hinne vergonnt sinn, mol hedonistesch, liewensgenéissend, mol egoistesch, nom Motto „ech wëll alles an dat elo“, ganz oft awer och altruistesch, well se wëssen, dass och déi aner just ee Liewen hunn.

D’Net-Genéissen oder souguer dat komplett Ofleene vum Liewen ass also éischter een Aspekt vun engem verrannte reliéise Glawen, verbonne mat der Hoffnung, dass nom Doud am Paradäis jo schliisslech alles besser ass. Déi Iddi gëtt Gleewege säit Joerhonnerte mat Erfolleg agetriichtert. Den daperen Zaldot soll op d’Opnam an den (Zaldoten-)Himmel hoffen, an dofir ouni Angscht fir d’Saach vun deenen déi un der Muecht si stierwen. Aus Glawensgrënn eraus keng Angscht virum Doud hunn well nom Doud eppes Besseres géif waarde féiert zu all deene reliéis motivéierten Dramaen, déi och haut nach reegelméisseg an de Noriichten optauchen. Fir sécher ze stellen, dass di Gleeweg d’Liewen och sou féieren, wéi di jeeweileg Relioun et virschreift, an Angscht hunn, wa se net follegen, hunn d’Reliounen d’Hell erfonnt. Mat deem Konzept vun der Angschtmaacherei konnte se hir Scheewercher iwwer Joerhonnerten an och nach haut no alle Reegele vun der Konscht manipuléieren.



* Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker Lëtzebuerg a.s.b.l. (AHA), www.aha.lu

Mitglied International Humanist and Ethical Union (IHEU)

Mitglied European Humanist Federation (EHF)

Mitglied Alliance for a Secular Europe

Mitglied Cercle de Coopération des Associations laïques (CCAL)

 


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.