Carte Blanche vum Paul HammelmannVëlo-City 2017

D'Tëlee huet d’lescht Woch an 2 Reportagen gewisen, wéi d’Liewensqualitéit ausgesäit an enger Stad wéi Nijmegen, déi „Vëlo-City 2017“ war. 200 km Vëlosweeër, eng Vernetzung op Vëlosschnellweeër vun 2 Groussstied iwwer d'Grenz ewech, eng Vëlosgarage op allen wichtegen Plazen, alles dat huet enorm kascht, mä huet awer aus Nijmegen – eng Industrielandschaft – eng Stad gemaach, wou d’Liewen erëm liewenswäert ass. De Paul Hammelmann war mat op Nijmegen an gëtt eis seng Impressiounen an der Carte blanche vun haut.

D'Police ass wéi d’Muttergottes: wann se net heiansdo erschéngt, gleeft kee méi sou richteg drun *

*fräi nom Michel Audiard

Carte blanche vum Pol Hammelemann (30. Juni 2017)



Jo et ass e reelle Pleséier, sech an enger Stad opzehalen, wou den Auto net omnipräsent ass.

Jo et ass gemittlech duerch eng Uertschaft ze trëppelen, mam Vëlo ze fueren, wou d’Geräischkuliss net vum motoriséierten Verkéier diktéiert gëtt.

An neen, et ass kee Pleséier, wa Samschdes moies an der Ënneschtgaass eng 300 Leit hiert eegent Wuert net méi verstinn, well 1. (een!) Hauli op engem Motorrad, ouni Schalldämpfer, "wichtegtueresch" ënnerwee ass.

Neen et ass kee Pleséier wann op de Vëlos- an Foussgängerweeër systematesch Camionnetten parken an de Vëlo, an d’Mamm mat der Kutsch mussen op d’Strooss auswäichen.

Dofir halen ech et mam franséischen Zeenarist Michel Audiard, dee gesot huet: „Police ass e bëssi wéi d’Muttergottes; wann se net heiansdo erschéngt, kommen Zweiwel op“.

Et ass a mengen Aen kontraproduktiv, wann déi sougenannte kleng Infraktiounen nëmme seele gestrooft ginn, si riskéieren da sech anzebiergeren an ëmmer méi heefeg ze ginn.

E Beispill: virun 20 Joer war et quasi onméiglech an der Stad Lëtzebuerg eng Parkplaz ze fannen. Zanter awer Falschparken systematesch sanktionéiert gëtt, sinn op eemol och erëm Parkplazen fräi!

Dura Lex, sed Lex, esou einfach ass dat.

Dëst Beispill soll awer beileiwen kee Plaidoyer fir den Autosverkéier an der Stad sinn.

Au contraire. Wat waren dat pervers Architekten, déi an de 70er Joeren Foussgänger an de Souterrain verbannt hunn, fir de Fetischiste vum Explosiounsmotor op der Strooss Plaz ze maachen!

Fir awer eng Stad fir de Vëlosverkéier attraktiv ze maachen, muss ee couragéiert virgoen an alles ënnerhuelen, fir datt Vëlofueren komfortabel a sécher ass.

Zum Beispill huet d’Oper vun Nijmegen eng Plattform gebaut, wou de Camion ëm 180° gedréint gëtt, fir ze vermeiden, datt een dëse Manöver muss op der Strooss, um Vëloswee maachen.

An Holland däerfen dann och Vëloen niewent eneen fueren an d’Sinistralitéit ass quasi inexistent.

De Vëlofuerer huet jo, contrairement zum Autofuerer  - den Anonymuss an senger Blechkarross – Bléckkontakt a kann seng Reaktioune präventiv matdeelen, dat wat jo och fir all Verkéiersmember, am „shared space“ soll erreecht ginn.

Nijmegen war fir eis all e Besuch wäert: mir wëssen elo, datt mer zu Lëtzebuerg um gudde Wee sinn, mä nach vill Retard mussen ophuelen.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.