Carte Blanche vum Patrick MichaelyE Schrëtt zréck an der Evolutioun

Evolutioun ass eng Tatsaach. Dat z'akzeptéieren fält awer nach ëmmer – an ëmmer erëm – enger Partie Leit ganz schwéier. Eng Carte Blanche vum Patrick Michaely*.

Carte Blanche vum Patrick Michaely (3. Juli 2017)



Eng vu menge Kolleginnen aus dem ‘natur musée’ ass d'lescht Woch an d'Pensioun gaangen. Beim Ausraume vun hire Schief ass esou allerhand opgedaucht, wat sech eben an enger ganzer Schaffcarrière usammelt, dorënner och e gäre verstëbst geloossen Exemplaire vum Atlas de la Création, engem puer Kilo schwéierem Schmöker vun 800 Säiten, deen de Musée am Joer 2007 am Virfeld vum Darwin-Joer zwee Joer drop wéi eng ganz Rei aner wëssenschaftlech Instituter a Schoule weltwäit zougeschéckt krut. Well och déi, sollten endlech mol d'Wourecht gewuer ginn.

An dësem extrem opwenneg gestalten Atlas de la Création probéiert den obskuren tierkeschen Auteur Harun Yayha op eng zimlech platt Aart a Weis duerzestellen, datt sech Déieren a Planzen, déi haut op der Äerd liewen, sech zënter Jormilliounen net verännert sollen hunn. Bewise soll dat doduerch ginn, datt Fotoe vun haitegen Déieren a Planzen nieft den entspriechende Fossilië gewise ginn, déi dëse staark änelen. Et wier kee Wandel z'erkennen, behaapt de Kreationnist Yayha, Evolutioun géif et also net ginn an d'Liewewiese wieren domat d'Resultat vun enger gëttlecher Schëpfung. Dem Darwin seng Evolutiounstheorie wier souwisou nëmmen Däiwelswierk an dat, wat een haut als Darwinismus géif bezeechnen, wier en plus Schold un all Iwwel an der Welt wéi – ech zitéieren - „Rassismus, Faschismus a Kommunismus a vill aner barbaresche Weltanschauungen“. Selbstverständlech och den 11. September.

D'Buch huet deemools e puer Welle geschloen, well sech natierlech och gefrot ginn ass, wéi sech iwwerhaapt den deieren Drock an déi weltwäit Verdeelung vun esou engem Pavé finanzéiere kéinten. Op säi Contenu deemools iergendwou an Europa Friichte gedroen huet, ass schwéier anzeschätzen, d'Aktioun selwer hat op alle Fall fir Opmierksamkeet an de Kreesser vum Enseignement an der Fuerschung gesuergt a gewisen, datt och gutt Wëssenschaft frontal kann attackéiert ginn, fir déi Evolutioun eng observéierbar Tatsaach ass an d'Evolutiounstheorie d'Réckgrad vun de Biowëssenschaften duerstellt. Dat sollt sech am leschte Jorzéngt a virun allem an der Ära Trump an hiren alternative facts net zum Positiven ëmkéieren.

D'Buch loung ausgerechent an där Woch erëm bei mir um Büro, an där op der enger Säit am ‘natur musée’ nei Ausstellunge mat staarkem Fokus op Evolutioun opgaange sinn, op der anerer Säit allerdéngs aus der Tierkei vermellt gouf, datt d'Evolutioun an den tierkesche Schoule vun 2019 un net méi sollt enseignéiert ginn. En Zoufall?

Natierlech jo! Et seet mir awer och, datt mir bei all den Efforten, déi gemaach ginn – sief en se finanziell oder intellektuell, fir gutt Wëssenschaft richteg ze kommunizéieren, net labber däerfe loossen an datt mir mat alle Mëttele musse Stréimunge bekämpfen, déi d'Leit fir domm verkafen, wa se behaapten - wéi elo an der Tierkei geschitt, an an anere Länner wéi Polen gefaart – datt Evolutioun ze ëmstridden, kontrovers an zu komplizéiert wier an de Versteesdemech vun de Schüler iwwer steige géif. Een deen esou eppes seet, ass selwer domm.

D'Mechanisme vun der Evolutioun ze verstoen ass keng Hexerei. Si z'erfuerschen awer fir d'Iwwerliewe vun esou villen Aarten - dorënner ons eegen -  ëmsou méi wichteg. An duerfir lount et sech z'engagéieren.


* De Patrick Michaely ass vu Formatioun Biochemiker an am Naturmusée responsabel fir Ëffentlechkeetsaarbecht a Kommunikatioun.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.