Carte Blanche vum Ben FayotGéint de Cumul!

Cumul heescht, dass eng Persoun e puer wichteg Plaze beienee besetzt. D'Lëtzebuerger Politik ass zwar offiziell géint den Ämtercumul. Mä wéi gesäit et a Wierklechkeet aus?

Carte Blanche vum Ben Fayot



Den Ämtercumul huet zu Lëtzebuerg Traditioun.

Bal all Deputéiert war an ass traditionell Buergermeeschter, Schäffen oder am Gemengerot.

Wat ëmmer war, muss haut net onbedéngt nach gutt sinn.

Gemenge ginn zesummegeluecht, fir de Bierger besser Servicer an Infrastrukturen z’offréieren. Et gëtt ëmmer méi grouss Gemenge mat méi Aarbecht fir Buergermeeschter a Schäffen.

Eng Gemeng féieren, ass eng wichteg Aufgab. Si gëtt a gréissere Gemengen als 40-Stonnewoch bezuelt.

Onst Land huet nëmmen zwee Niveaue vu Verwaltung: de kommunalen an den nationalen. Si sinn allebéid enorm wichteg. Si mussen allebéid vu gudde Käpp gefouert ginn.

Dofir ass d’Iddi virun etlech Joren opkomm, déi kommunal an déi national Mandater vuneneen ze trennen.

Dat ass iwwregens an de meeschte Länner an Europa esou. Frankräich ass dat lescht Land, wou dee Verbuet elo a Kraaft trëtt.

Am Regierungsprogramm vun 2013 geet rieds vum „Renouveau démocratique“. Et sollt en Opbroch ginn géint déi traditionell Politikmethoden.

D’Bierger solle méi participéieren, et soll alles méi transparent ginn, d’Chamber soll d’Regierung méi kontrolléieren, d’Deputéierte sollen hir europäesch Aufgab endlech serieux huelen.

An dofir sollt de Cumul vun de Mandater a Chamber a Gemeng verbuede ginn.

Elo, véier Méint virun de Gemengewahlen, werfen d‘Parteie bal all hir Deputéiert an de Gemengewahlkampf.

Also keng rieds méi, den Ämtercumul opzehéieren.

Et ass eng Schan fir d’Lëtzebuerger Politik, wat do geschitt.

Well dee Cumul ass geféierlech fir d’Institutiounen a fir den Déngscht um Bierger.

E Buergermeeschter oder e Schäffen, dee wéineg an der Gemeng präsent ass, verléiert liicht den Iwwerbléck.

D’Chamber hirersäits gëtt an hirer Aarbecht duerch déi vill Gemengepolitiker zäitlech begrenzt an dofir politesch geschwächt. Op d'mannst zwee Aarbechtsdeeg an der Woch ginn der Chamber doduerch verluer, dass d’Deputéiert als Buergermeeschter a Schäffen an hire Gemengen ze dinn hunn.

Fir wat awer trotzdeem dësen éiwege Cumul, dee weder duerch d'Aarbecht an der Gemeng nach duerch déi an der Chamber ze rechtfäerdegen ass?

Et ass déi elektoral Logik, déi dëse Cumul explizéiert.

Déi Logik verlaangt vun de Politiker, sech mat alle Mëttelen ze profiléieren.

Et ass also net den Déngscht um Bierger, un der Gemeng, un dem Parlament, deen iewescht Zil ass, et ass d’perséinlech Carrière vun de Politiker, déi de Cumul explizéiert a verlaangt.

Kuckt, wat viru kuerzem a Frankräich geschitt ass. Ech sinn iwwerzeegt, dass och zu Lëtzebuerg d’Leit dat ëmmer manner acceptéieren an dass d'Glafwierdegkeet vun der Politik an de Politiker um Spill steet.

Sou wéi erreecht gouf, dass de Cumul vum nationalen an Europadeputéiert opgehalen huet, muss et dach méiglech sinn, och de kommunalen an nationale Cumul ee fir allemol opzehéieren.

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.