Carte Blanche vum Paul KremerGustav Adolf II

Déi éischt an déi schéinst Erfindung vun all Philosophie oder Sophistik zanter 2600 Joer ass, datt eis Moral an eise jeeweils hellegste Glaw, op engem Ënnerscheed berouen, dee keen ass.

Woufir mir haut wëlle “striewen” – oder den Noper beschäissen – hu mer muer scho vergiess an ass obsolet. Beispiller gefälleg?

D'Carte Blanche vum Paul Kremer

E klengt vir. Ass nach – méi genee: war net eis Personalsphär viru kuerzem nach sakrosant an “onantastbar”? Haut brécht all gudde Broutdag den de Maizière e Stéckelchen dovunner of: dir wëllt jo sécher sécher sinn? Also: finito da mat ärer intimer Intimitéit.

Oder: 500 Joer sinn et hier, datt en däitsche Mënch seng Theesen un eng Kathedralsdier geneelt huet. Onerhéiertes: selwer kënnt een d’Bibel liesen – de Mënch hat s’onvergänglech iwwersat. – De Glaw géif séileg maachen, net gutt gemengten Dote wéi z.B. eng Spend fir de Sahel oder e Super Ablass. – All drëtten Däitschen huet dorops an dowéinst säi Liewe gelooss an e schwedesche Gustav, “den andere Adolf” – wuertwiertlech – war e Glanzstéck vum 30 järege Krich.

Méi no – oder méi wäit bei eis. Schloen net weider sech Schiiten a Sunnitten d’Käpp an, well de jeeweilegen offiziellen Nofolger vum Prophéit net de richtege war? Mir, tolerant, d.h. gläichgülteg an net interesséiert, verstinn d’Welt net, obschonn den Dauerbestseller “von Bagdad nach Stambul” alles dohannen, mat 150 Joer Avance endgülteg ventiléiert huet.

Ënnerscheeder, déi keng sinn. Oder: mir hunn anerer, an hir Fiktiounen, also do sinn: Index, Wuesstem, onbezuelbare Wunnraum a lauter léif Friemer, déi ons hier Sproch bäibrénge wëllen, mir déi eege selwer verhonzen.

E weideren Ënnerscheed, dee keen ass, géif en Erzéiungs- oder Ëm-Erzéiungsminister soen. De Choix, deen hien eis léisst, ass och alt keen.

Uso fir de 5. 7. 17: Wat haut héich an helleg ass, ass muer scho vergiess an obsolet. Frot de Georges Brassens an 2500 Joer virdrun de Gorgias, dee wosst: 1. 't ass Näischt 2. Wann eppes wier, wësse mer et net. 3. A wa mer och wissten, krite mer et net gesot.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.