Carte Blanche vum Michel MaquilGreen Bonds

D'Green Bonds oder besser d'gréng Obligatioune sinn am Trend, an ëmmer méi Emetteuren bréngen esou Finanzinstrumenter op de marché. An dëser carte blanche gëtt sech elo d'Fro gestallt wat fir een Impakt dat op dee klengen Investisseur huet.

Carte Blanche vum Michel Maquil



An der leschter Zäit sinn eng Rei Banken an aner Finanzinstituter verstäerkt mat enger spezieller Zort Obligatiounen op de Marché komm an zwar déi sogenannte Green Bonds oder gréng Obligatiounen. Am Fong handelt et sech hei ëm ganz normal Obligatiounen, mat deem eenzegen Ënnerscheed, datt mat deem Geld, wat hei agesammelt gëtt, nëmme Projeten finanzéiert ginn, déi ee groussen nohaltegen Impakt op d'Ëmwelt hunn. Dat kënne Projeten si wéi d'Produktioun vun erneierbar Energie, d'Ariichten vun Transportsystemer, déi keen CO2 ausstossen, den Opbau vun nohaltege Waasseropbereedungsanlagen oder vu moderne Kläranlagen 

Een Emetteur vu gréngen Obligatioune muss sech allerdéngs verflichten, alles a voller Transparenz ze maachen. Esou kann den Investisseur sech vergewësseren, datt während der ganzer Lafzäit vun der Obligatioun, den Emetteur sech un déi Verflichtungen hält, déi hien ëffentlech agaangen ass. 

Den Emetteur beweist esou, datt hie sech fir eng nohalteg Entwécklung vun der Economie asetzt. Dat erlaabt him, dës Obligatioune relativ einfach bei enger Rei Investisseuren ze plazéieren. Et ginn ëmmer méi Investisseuren, déi esouguer nëmmen gréng oder ähnlech Obligatioune kafen, well se iwwerzeegt sinn, datt Betriber nëmmen eng Chance hu laangfristeg ze iwwerliewen, wa se reng nohalteg Ziler verfolgen. 

U sech ass eng gréng Obligatioun ee Finanzinstrument, dat liicht verständlech ass an och zu Recht ee groussen Interesse mat sech bruecht huet. Déi héich Zuel vun dëse gréngen Obligatiounen ass de beschte Beweis, datt et sech em ee bleiwenden Trend handelt. Den Investisseur kann esou dee Projet hëllefe finanzéieren, deen him am meeschten um Häerz läit. Et ass eng Iwwerleeung, déi laangfristeg orientéiert ass.

Zënter kuerzem huet LuxFlag, eng Lëtzebuerger Associatioun ugefaangen, ee Qualitéitslabel fir esou gréng Obligatiounen erauszeginn, wat de Choix vum Investisseur nach méi einfach mécht. Et kann ee Luxflag nëmme felicitéieren fir dës Initiativ, déi si geholl hunn.

Wann een elo als einfachen Investisseur esou gréng Obligatioune bei der Suscriptioun wëll kafen, da kritt ee gesot, datt déi nëmme fir professionell Investisseure reservéiert sinn. Fazit: et kann ee se dann zwar nach indirekt z.B. iwwer een “Investment Fong” kafen, mä dat bréngt automatesch méi komplizéiert Strukture mat an d'Spill a sécher och méi Onkäschten.

Dat ass Schued, well grad an enger Zäit, wou op d'mannst an der Europäescher Unioun och nach de Kapitalmaart soll staark gefërdert ginn, a wou zur selwechter Zäit vill Leit bereet sinn, hir Erspuernisser geziilt ze placéieren, wieren dach esou einfach a liicht verständlech Finanzprodukter deen ideale Wee, fir esou Ziler z'erreechen an ee maximum Leit direkt mat anzebannen.

 

Michel Maquil

Fräie Wirtschaftsberoder

Fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.