Carte Blanche vum Gilles HempelFräiheet

D’Wunnengsnout ass dee Sujet, deen eis hei am Land déi gréisste Suerge mëscht. Ass et iwwerhaapt méiglech de Problem ze léisen, soulaang mir op de freie Marché setzen? Oder musse mir do net ganz nei Weeër goen? Dozou en puer Gedanke vum Gilles Hempel, Soziolog an Direkter vun der Agence Immobilière Sociale.

© RTL Archiv

Carte Blanche vum Gilles Hempel


Ëmmer méi Leit hei zu Lëtzebuerg hunn et schwéier fir sech eng anstänneg Wunneng ze leeschten. An déi ënnescht Schichte vun eiser Gesellschaft si quarément ausgeschloss vum Immobiliëmarché. Si brauchen sech do net ze weisen. Si sinn net Wëllkomm. Weder bei de Propriétairen nach bei den Agencen. Si ginn diskriminéiert, well si aarm sinn.

Wunnen ass awer ee fundamentale Besoin. Ee Mënscherecht. Esouguer een Imperativ:

Et kann een net, net wunnen. Et kann et net dorop verzichten.

Dofir ass et menger Meenung no eis moralesch Flicht, jiddwerengem eng anstänneg Wunneng ze erméiglechen?

Mee wéi schreift de Berthold Brecht: „Erst kommt das Fressen, dann die Moral“.

An d’Immobilienhaien, déi hunn ee groussen Honger. Déi kréien den Hals net voll genuch. Op déi kenne mer net zielen. Déi kenne keng Moral, mee sie kontrolléieren de Marché. De sougenannten freien Marché.

Ech verstinn éierlech gesot net vu wat fir enger Fräiheet do ëmmer geschwat gëtt bei dem freien Marché. Fräiheet ass jo an sech eppes genuin Positives. Eppes woufir et sech ze kämpfe lount. Mee a Verbindung mat Marché a virun allem mat Immobiliëmarché  hannerléisst dat Wuert Fräiheet bei mir esou ee batteren Nogoût am Mond. Do ass iergendeppes faul drun.

Wat ass dat fir eng Fräiheet? Eng Fräiheet, déi dozou féiert, dass déi eng ëmmer méi räich an déi aner ëmmer méi aarm ginn. Ass esou eng Fräiheet erstriewenswäert? Schützenswäert?

Oder kenne mir eis déi schenken? Ass déi wirtschaftsliberal Fräiheet net just eng semantesch Mogelpackung? Eng arglistesch Täuschung vun deenen, déi gutt doru verdéngen, un der Fräiheet, un dem Liberalismus?

Wann mir de Logementsproblem zu Lëtzebuerg wëllen an de Greff kréien, da komme mir net derlaanscht eise liberale Wirtschaftsmodell diesbezüglech a Fro ze stellen. Dann musse mir d’Reegelen um Immobilien-Marché fundamental änneren an den Droit de la Propriété ganz nei definéieren. Dann musse mir hei Ännerunge vu revolutionärem Charakter duerchsetzen.

Déi Fräiheet musse mir eis huelen.

Eng Carte Blanche vum Gilles Hempel

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.