Carte Blanche vum Laurent LoschetterWéi ee Wuert eis Welt verännert huet

A senger Carte Blanche erënnert de Laurent Loschetter sech un déi éischte Kéier, wou hien dat Wuert Fatwa héieren huet, a wisou hien haut nach drun denkt ...

© Ralph Hermes

Carte Blanche vum Laurent Loschetter.



Wéi déi franséisch Journalistin Marie Colmant et viru Kuerzem thematiséiert huet, sinn et ronn 30 Joer hier, dass dat Wuert Fatwa an eise Medien ukomm ass, e Wuert, wat quasi net bekannt wor a vun engem Dag op deen aneren eng grouss Bedeitung krut.

Wéi koum et dozou?

1988 huet den indesche Schrëftsteller Salman Rushdi säi véiert Buch erausginn, mam Titel „Les Versets Sataniques“. An deem Roman geet et drëms, dass de Satan, an net den Allah, zäitweis duerch dem Mohammed säi Mond geschwat hätt ... bref et wor en "touchy" Thema.

Nodeems d’Buch scho 4 Méint dobausse wor an et relativ séier an Indien verbuede gouf, huet de groussen Ayatollah Khomeini aus dem Iran eng offiziell "Fatwa" géint de Salman Rusdhi ausgesprach  ... en offizielle Befeel un all Moslem, weltwäit, hien doutzemaachen, dobäi koum eng initial Primm vu 50.000 Dollar, déi sech haut op bal 4 Millioune chiffréiert.

An op eemol sinn déi Biller opgetaucht, déi kee méi geduecht hätt, ze gesinn: Et si Bicher verbrannt ginn, iwwerall op der Welt si Bicher verbrannt ginn ... Zeene wéi aus dem Film Fahrenheit 451. Riseg Kéip vu Bicher a Flamen a komplett mouch reliéis Figuren, déi der Welt erklären, dass Bicher geféierlech sinn an zerstéiert musse ginn fir d’Lait vum Wahnsinn ze schützen.

A wéi eise geniale Representant am Europaparlament géif soen, esou Biller hate mer zënter der Nazi-Zäit net méi gesinn. Woubäi hie fir eng Kéier keng Dommheet gesot hätt, et je pèse mes mots.

Direkt vun 1933 un hunn di Hären Hitler a Goebbels nämlech déi sougenannten Autodaféen agesat, wou Onmasse vu Bicher feierlech an ënner grousser Inzenéierung ëffentlech verbrannt goufen .. et goung ochschons dei Zait drëms, déi „richteg“ däitsch Bierger virun der jiddescher Influenz ze schützen.

Déi selwecht Biller ronn 50 Joer duerno nach eng Kéier ze gesinn, wor einfach en enorme Schock. D’Mënschheet hat geduecht, domadder ofgeschloss ze hunn, d’Kultur, wouvunner hei d'Bicher als Symbol gebraucht ginn un de Pranger ze stellen an als Gefor fir d'Mënschheet ze bezeechnen.

Bei der Konkurrenz-Fraktioun vun den Ultra-Katholiken si se och aktiv ginn an e Kino zu Paräis a Brand gestach während enger Representatioun vum Martin Scorsese sengem „La dernière tentation du Christ“

Schonn nees Kultur, déi brennt.

Mir sinn elo 2017 a kéinten denken, dass dat alles Passé ass, de Rushdi lieft mat enger neier Identitéit an ënner Police-Protektioun an England, den Iran ass ganz lues ënnerwee Richtung Demokratie: Alles OK kéint ee soen.

Ma ech mengen net ... dem Rushdi seng Fatwa wor eng Zort Start-Schoss fir eng permanent Attack vun Extremisten op alles, wat Kultur ka representéieren.

D’Attacken no de Mohammed-Karikaturen an Dänemark 2005, d’Attack op Charlie Hebdo 2015, d'Zerstéierung vu Palmyra duerch den IS, d’Attack op de Bataclan zu Paräis, a ganz rezent den Attentat um Ariana-Grande-Concert zu Manchester. All déi Evenementer si souzesoen Ierfstécker vun dëser Fatwa.

Et ass also net vu Muttwëll, wéi e Rappel vun engem Vaccin, sech all 10 Joer un déi Fatwa ze erënneren ... an et soll een natierlech och ophalen, bizzaroïd Nazi-Vergläicher op Facebook ze publizéieren, mä dat hu jo déi meescht verstanen ... och wann nach net all.

 

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.