Carte Blanche vum Francis SchartzEng Gesamtvisioun fir d'Entwécklung vun eisem Land

Lëtzebuerg huet eng Rei vun Engagementer ënnerschriwwen an nei Initiative fir d’Zukunft vun eisem Land geholl. Mä misst d’Politik net eng koherent Gesamtvisioun fir d’Zukunft vu Lëtzebuerg entwéckelen?

"Wie Visiounen huet, soll bei den Dokter goen " sot mol ee fréieren däitsche Kanzler.

D'Carte blanche vum Francis Schartz

Mä spéitstens säit dem éischte Rapport vum Club of Rom, deen d’Grenze vun eisem Wuesstem duergeluecht huet, a spéider de Brundtland-Rapport vun der UNO fir eng nohalteg Entwécklung, hunn Zukunftsvisiounen och an der Realpolitik hir Plaz fonnt.
Et ginn Zeenarien entwéckelt, wéi d’Welt, respektiv eist Land am Joer 2030 kéinten ausgesinn oder zum Beispill wéi eng Folgen de Klimawandel am Joer 2050 kéint matsechbréngen.

Doropshi gi Strategien entwéckelt, Objektiver festgehalen, Aktiounspläng definéiert a Konventiounen ausgeschafft an ënnerschriwwen.

Als rezent Beispiller sief de Klimaaccord vu Paräis genannt, wou och Lëtzebuerg sech engagéiert huet, fir säi Bäitrag ze leeschten fir d'Äerderwiermung ënner 2 Grad ze halen, oder d’Agenda 2030 vun der UNO, dat eise Premier am September 2015 ënnerschriwwen huet an domat eist Land engagéiert huet, fir matzehëllefen, déi 17 Ziler vun enger nohalteger Entwécklung bis d’Joer 2030 ze erreechen.

Dobäi kommen de « Semestre européen », de « Programme National de développement rural », de « Plan National de développement durable » an nach vill aner Pläng a Konventiounen, un déi eist Land sech engagéiert huet, sech ze halen.

Eng nei Visioun fir Lëtzebuerg mam Numm „Drëtt Industriell Revolutioun“  ass op Initiativ vum Wirtschaftsminister, der Chambre de Commerce an der asbl IMS entstanen, ënnert der Fiederféierung vum Professer Jeremy Rifkin a mat der Mataarbecht vu ville Bierger.

Vill Zukunftsvisiounen also, vill Ziler, vill Engagementer, vill zukunftsorientéiert Initiativen a quasi alle Gebidder vun der Politik, leien um Dësch.

Mä kënne si all op een Nenner bruecht ginn oder si se vläicht zum Deel kontradiktoresch?

Ka sech heiraus eng Gesamtvisioun fir d'Entwécklung vun eisem Land erausschielen?

Ech denken, datt dëst eng wichteg Aufgab vun de politesche Parteien ass, déi sech net däerfen op « gestion des affaires courantes » beschränken, mä konkret Konzepter fir eng nohalteg Entwécklung vu Lëtzebuerg mussen erschaffen.

- vun engem Lëtzebuerg, an deem mer verantwortungsvoll mat eiser Ëmwelt an eise Ressourcen ëmginn;

- vun engem Lëtzebuerg, an deem et sech weider gutt liewe léisst, och fir déi Generatiounen, déi no eis kommen;

-  a vun engem Lëtzebuerg,  dat säin Deel derzou bäidréit, dat och d’Liewensbedingungen an anere Länner sech verbesseren.

Ech si gespaant, ob mer an de Programme vun de Parteie fir déi nächst Wahlen, respektiv am nächste Regierungsprogramm sou eng koherent Gesamtvisioun wäerten erëmfannen.

Natierlech treffen dës Iwwerleeungen och fir d’Gemengen zou.

Wann dir also den 8. Oktober Äert Kräiz maacht, dann iwwerleet, wéi eng Kandidaten oder Parteien ee koherent Konzept fir eng nohalteg Entwécklung proposéieren.


* Pensionéierte Lycée-Direkter an Dokter an den Ëmweltwëssenschaften.


 

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.