Carte Blanche vum Anne GoeresZäit schenken

Merci Denise, Nicole, Brisch, Romain a Guy. Merci Liliane, Monique, Edmée a Pier. E riseg grousse Merci un Iech an all Är Kollege fir déi Stonnen, déi Deeg an déi Wochen déi dir schenkt.

13/09/2017 Carte Blanche Anne Goeres



Jo effektiv, Si gehéieren zu deene Leit, déi Stonne schenken. Einfach esou. Ouni eppes Amplaz z’erwaarden. Ouni ze zécken. Ouni ze knouteren oder ze soueren.

Well knouteren a souere kënne mer all immens gutt: d’Iesse wat net schmaacht, den Noper, dee seng Heck net schneit, den iwwerhieflechen Aarbechtskolleg, d’Wieder wat ni esou ass wéi mer et gären hätten, oder esou guer de Politiker, deen d’Wurscht einfach net gutt genuch brode kann.

Wéi wier et da wann all déi negativ Energie do géing benotzt gi fir eppes Guddes ze maachen? Fir do ze hëllefen, wou Nout um Mann oder un der Fra ass? Fir an de Genoss ze kommen Zäit ze schenken?

Zäit schenken? Elo si mer erëm beim Thema. Mä wat heescht dat iwwerhaapt „Zäit schenken“ ? Abee ‘t ass ganz einfach: et geet drëms sech d’Fräiheet ze huelen, d’Loscht ze hunn an d’Freed z’erkenne fir sech anzesetzen an eppes hierzeginn. A sief et nëmmen e puer Stonnen am Joer...

Am Allgemenge kann een och vun Engagement, Benevolat oder Solidaritéit schwätzen. Dat sinn eigentlech 3 ganz verschidde Wierder an dach passe se wéi d’Fauscht op d’Aen.

Sech solidaresch engagéieren a Benevole ginn, heescht awer net nëmmen eppes ginn, mä och vill kréien. Immens vill. Déi geschenkten Zäit ass eng wäertvoll Zäit, an een deen dat erkennt, deen huet och d’Méiglechkeet de Retour dovunner z’erliewen: sozialen Austausch, eegen Zefriddenheet, positive Feedback akasséieren.

Also ouni op d’Silvesternuecht an hir gutt Virsätz ze waarden, kéinte mer et dach einfach emol probéieren:

  • net méi esou vill iwwert d’Iessen ze knouteren, mä villäicht ze hëllefen d’Zopp un déi mannerbemëttelt auszedeelen,
  • net méi esou laang iwwert den Noper hierzefalen, mä am Duerf eng Hand mat unzepaken,
  • sech net méi um Aarbechtskolleg stéiere loossen, mä seng eege professionell Kompetenze munchmol anere fir näischt zu Verfügung ze stellen,
  • net andauernd wéinst dem Wieder ze soueren, mä sech eventuell fir d'Ëmwelt anzesëtzen,
  • a wat de Politiker an déi richteg gebrode Wurscht betrëfft, do géing ech elo mol behaapten, do ka jo jidderee sech Zäit huelen och eng Hand mat upake fir Léisungen auszeschaffen.

Merci Denise, Nicole, Brisch, Romain a Guy. Merci  Liliane, Monique, Edmée a Pier. E riseg grousse Merci un Iech an all Är Kollege fir déi Stonnen, déi Deeg an déi Wochen déi dir schenkt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.