Carte Blanche vum Laura ZuccoliRadikal Iddien entstinn duerch Frust a Roserei - dogéint muss ee virgoen

D’Summer Vakanz ass elo definitiv eriwwer. D’Summer Méint goufen ënner Anerem duerch déi grujeleg Attentater a Spuenien markéiert. All Kéiers, wann esou Evenementer an Europa stattfannen, stelle mir eis Froen.

Ewéi ass dat nëmme méiglech? Firwat gi Jonk Leit, déi bei eis opgewuess sinn, esou radikal?  A wat kann een dogéint maachen?

Gesetzer stëmmen, d’Constitutioun änneren, wou eis Grondrechter beschnidde ginn am Numm vun der Gefor, vun der Protektioun vun den Awunner aus eisem Land, kann net d’Äntwert sinn!

Sécher ass den Zentrum géint Deradikalisatioun respect.lu, dee virum Summer gegrënnt gouf, eng wichteg Hëllefstellung fir Ursaachen a Radikalisatiounstendenzen ze bekämpfen.

Mä wier Politik net méi wierksam, wa an eise Schoulen systematesch vun de geliefte Realitéite vun de Leit, déi bei eis wunnen, vun hire Kulturen, vun hire Relioune geschwat géif ginn. Wellecht sinn eis Identitéiten, eis Ënnerscheeder, mä virun allem eis Gemeinsamkeeten? Vill vun eise jonken Net-Lëtzebuerger wësse wéineg iwwert d’Geschicht vum Land vun hiren Elteren. 

Des Themen missten Fächeriwwergräifend behandelt ginn. Dofir brauche mer Mëttelen a mir däerfen eis net mat Alibi Projete begnügen. D’Universitéit kéint do an Zesummenaarbecht mat den Acteuren um Terrain vill bäidroen.

Mä anstatt sech Gedanken iwwer esou eng Politik ze maachen, debattéiere mer iwwert e Vermummungsgesetz. Mir verstäerken esou Mësstrauen, stigmatiséieren d’Awunner vun enger Relioun, fëllen de politeschen Debat mat marginalen Erscheinungen.

Wou ass d’Ënnerstëtzung vu Jonken, déi schoulesch méi e schwéiere Wee hunn? Wa Jonker mat 25 Joer motivéiert sinn, nach en Ofschloss zemaachen, kréie si kee Kannergeld, a si kënnen net méi gratis mam ëffentlechen Transport fueren, och net emol fir de Wee an d'Schoul oder op d'Léierplaz. Studenten awer hunn de fräien Transport bis 30 Joer!

Déi Jonk, déi an Owescourse probéieren, schoulesch weider ze kommen, gi kaum encouragéiert a kréie keng Unerkennung: kee Kannergeld, keng Méiglechkeet fir e Subside vum CePAS, de Centre psycho-social et d'accompagnement scolaires, fréieren CPOS,  keng Ënnerstëtzung fir den Transport, obschonn se oft a finanziell komplizéierte Situatioune liewen... meeschtens packen dës Jonk et dann net.

Eis Ministère widdersprieche sech do: op enger Säit wëlle mer onbedéngt, dat Jonker mat engem Diplom ofschléissen, anersäits ënnerstëtzen se déi Jonk net, déi et schwéier hu mat der Schoul matzehalen.

Frust a Roserei kënnt dann op. Dëst kann e fruchtbare Buedem fir radikal Iddie ginn.

Esou laang ewéi Lëtzebuerg economesch gutt do steet, kann een dovunner ausgoen, datt Jonker iergendwéi hir Plaz wäerte fannen. Mä wat geschitt, wann dat net méi esou ass, an de Staat manner Suen ze verdeelen huet?

Carte Blanche vum Laura Zuccholi



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.