Carte Blanche vum Marc SchiltzGläichstellung vun de Geschlechter an der Fuerschung

Wat kann ee maachen, fir d'Zuel vun de Meedercher a Frae bei Beruffer an den Sciencen, Technologien, am Ingenieurat an an der Mathematik ze hiewen? Dëser Fro geet de Marc Schiltz, Generalsekretär vum Fonds National de la Recherche (FNR), haut an senger Carte blanche no.

D'Carte blanche vum Marc Schiltz



Si Männer déi besser Fuerscher a Wëssenschaftler? Wann een e Bléck op déi europäesch Statistike werft, da kéint een dat bal mengen. Ëmmerhi sinn nëmme 24% vun den ugestallte Fuerscher hei zu Lëtzebuerg Fraen. Deemno wier den Indicateur "Mann sinn" méi wichteg fir eng wëssenschaftlech Carrière ze maachen, wéi, soe mer, Talent, Virwëtz, Passioun, Integritéit oder intellektuell Capacitéiten. Wéi soss wier dëse miserabele Prozentsaz ze erklären? Well et besteet jo keen Zweiwel, datt déi vu mir elo grad opgezielten Attributer ganz gläichméisseg tëscht de Geschlechter opgedeelt sinn.

Mat 24% Fuerscherinne läit Lëtzebuerg leider e gutt Stéck ënnert dem europäeschen Duerchschnëtt. Mir lande souguer nach méi wäit am Keller, wa mer bei den zwou Kategorien Universitéitsprofesseren a Fuerscher am Industriesecteur kucken. Aus der Pisa-Studie vun 2012 kënnt eraus, dat Lëtzebuerg zu deene Länner gehéiert, wou d'Disparitéit tëscht de Geschlechter schonn an der Schoul an de Beräicher vun der Mathematik an den Naturwëssenschaften am héchsten ass an ganz Europa. Datt et dës Disparitéiten an anere Länner net gëtt, déit drop hin, dat d'Ënnerscheeder an de schoulesche Performancen näischt mat ugebuerene Fäegkeeten ze dinn hunn. Also keng Fro vu den Geschlechter sinn!

Wat kënne mer also maachen, fir d'Zuel vun de Meedercher a Frae bei Beruffer an de Sciencen, Technologien, Ingenieurat a Mathematik ze hiewen? Bei engem Colloque, deen am Fréijoer vun der Stad Lëtzebuerg zesumme mam Fonds National de la Recherche an der Fondation Jeunes Scientifiques Luxembourg organiséiert gouf, hunn eng 100 Participantë sech genau zu dëser Fro Gedanken gemaach. A konkret Conclusioune formuléiert!

Éischtens brauche mir e kulturelle Changement an der lëtzebuergescher Gesellschaft. Elteren, Enseignanten, Patronen a Politiker – mir all mussen ons allgemeng Astellung géigeniwwer der Roll vun de Geschlechter änneren an eng ganz Rei vu Stereotyppen ewechgeheien. Dëst betrefft natierlech net nëmmen d'Wëssenschaft. Mir musse gemeinsam dru schaffen, fir allen een inklusiven a fairen Aarbechtsenvironnement unzebidden. Fir d'Fuerschung speziell wichteg ass et, de Wëssenschaftler mat Kanner méi Flexibilitéit an Ënnerstëtzung ze ginn. E Fuerscher huet vill professionell Contrainten. Zum Beispill Reesen, fir international Zesummenaarbecht a Projeten ze entwéckelen an op Fachkonferenzen ze schwätzen. D'Carrière an der Wëssenschaft ass oft eng Successioun vun CDDen a verschiddene Länner; net einfach, dat mat Famill a Privatliewen ënner een Hutt ze kréien.

Zweetens musse mir gemeinsam un enger Wëssensgesellschaft schaffen, an där Meedercher a Frae sech an de Wëssenschaften natierlech wuel fillen.

Dozou gehéiert engersäits eng fréi Fuerderung vun de Sciencë bei de Kanner. Scho virun der Spillschoul, doheem an an de Maison-Relaisen, wou se kënne fuerschend entdecken.

An anerersäits brauchen déi jonk Meedercher och Virbiller – an net just männlecher –, déi se inspiréieren a motivéieren. Wa mer haut no berühmte Wëssenschaftler froen, da falen ons direkt vill Männer an; als Frae kënne mer meeschtens nëmmen d'Marie Curie nennen. Dobäi ass d'Lëscht vu Fraen, déi an der Wëssenschaft hire Mann gestallt hunn, méi laang wéi ee géif mengen. Huele mer nëmmen d'Beispill vum Maria Telkes, déi d'Solarheizung erfonnt huet an dat éischt komplett duerch Sonnenenergie gehëtzten Haus entworf huet.

Sou flagrant Disparitéiten an Ongläichheeten, wéi ech se ugangs erwäänt hunn, sinn am 21. Joerhonnert net ze vertrieden. Mir mussen ons weider fir d'Egalitéit vun de Geschlechter generell an och an de Wëssenschaften an an der Fuerschung engagéieren, well mer soss op eng ganz Rei vun talentéierten, passionéierten an engagéierte Persounen sënnlos verzichten.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.